Alhazen
Den Abu Ali al-Hasan Ibn Al-Haitham (arabesch: أبو علي الحسن بن الهيثم, laténgesch Alhazen), gebuer ëm 965 zu Basra am Irak, a gestuerwen 1039 oder 1040 zu Kairo, war e bedeitenden Iranesche[1],[2],[3],[4],[5],[6],[7][8] Mathematiker, Optiker an Astronom.
Alhazen | |
---|---|
Gebuertsnumm | أَبُو عَلِيّ ٱلْحَسَنٌ بْن ٱلْحَسَنٌ بْن ٱلْهَيْثَم |
Gebuer | 965 jul. |
Gestuerwen |
1039 jul. Kairo |
Aktivitéit | Mathematiker, Physiker, Philosoph, Astronom, Erfinder, Astrolog, Ingenieur |
Hie war ursprénglech fir d'Reguléierung vum Nil op Kairo op den Haff vum Al-Hakim geruff ginn, an hat et do bis zum Amt vun engem Wesir bruecht. Awer Muecht a Karriär hunn hien net sou gereizt wéi d'Wëssenschaft. Well hien awer d'Grimmegkeet vum Al-Hakim gefaart huet, huet hie sech als geeschteskrank ausginn, fir säi Beamtenjob un den Nol kënnen ze hänken a sech am Haus vun der Weisheet vum Al-Hakim der Wëssenschaft ze widmen. Nom Doud vum Al-Hakim am Joer 1021 ass hien, wéi duerch e Wonner, nees gesond ginn.
A senge ville mathematesche Wierker huet hie sech mat de Problemer vun der Geometrie beschäftegt.
Vu grousser Bedeitung sinn awer seng optesch Experimenter. Den Alhazen huet den Opbau vum A analyséiert. Hien huet d'Bedeitung vun der Lëns am A erkannt an huet duerch wëssenschaftlech Experimenter d'Sehstrahlen-Theorie vu fréiere Wëssenschaftler widderluecht.
Weider huet hien och erkannt, datt bombéiert Glas sech gutt als Vergréisserungsglas gebrauche léisst. Doduerch gëtt hien als Erfinder vun der Lupp ugesinn an huet warscheinlech mat senge Schrëften de Roger Bacon inspiréiert, dee méi spéit de Brëll erfonnt huet.
Den Alhazen huet och entdeckt, datt d'Briechungsgesetz vun der Optik och fir de Loftmantel vun der Äerd gëllt. Hien huet och festgestallt, datt de Mound um Horizont wéi um Zenit déi selwecht Gréisst huet. Hien huet erkannt, datt de visuell gréisseren Duerchmiesser vum Mound an Horizonthéicht eng Täuschung ass (Moundtäuschung). D'Héicht vun der Atmosphär huet hien aus Observatioune vu Sonnenënnergäng berechent.
Den Alhazen huet nach Joerhonnerte spéider vill bekannt Wëssenschaftler mat senge Wierker inspiréiert, sou z. B. den Witelo, deen dem Alhazen säi berüümt Wierk Kitab-al Manazir 1270 op laténgesch iwwersat huet. Och de Johannes Kepler war ee vu sengen Unhänger.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ UNESCO Natural Sciences Portal
- ↑ Aaen-Stockdale C, 2008, "Ibn al-Haytham and psychophysics" Perception 37(4) 636 – 638 Archivéiert de(n) 2011-12-12. Gekuckt de(n) 2012-06-13.
- ↑ Encyclopédie Roshde
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2012-03-21. Gekuckt de(n) 2012-06-13.
- ↑ Understanding History by John Child, Paul Shuter, David Taylor - Page 70
- ↑ Science and Human Destiny by by Norman F. Dessel, Richard B. Nehrich, Glenn I. Voran - Page ۱۶۴
- ↑ The Journal of Science, and Annals of Astronomy, Biology, Geology by James Samuelson, William Crookes - Page ۴۹۷
- ↑ سلطانی، مهدی، کاشف علت خط سیاه رنگین کمان، ایران، ۱۶ اردیبهشت ۱۳۸۷، ص ۱۳