Egon Bahr: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k top: ortho using AWB
k k
Linn 4:
Als enke Vertraute vum [[Willy Brandt]] huet en deem seng Kommunikatioun zu West-[[Berlin]] tëschent [[1960]] an [[1966]] geleet. An deem Joer ass hir Zesummenaarbecht am Büro vum Ausseministère weidergaangen.
 
1969 ass e mam Brandt an d'KanzeleramtKanzleramt gaangen, a gouf no de Walen [[1972]] [[Bundesminister für besondere Aufgaben]]. Hie war de Virdenker vum Brandt senger [[Ostpolitik]] an eng aflossräich Stëmm bei de Verhandlunge vu verschiddenen Traitéë mat der [[Sowjetunioun]], der [[Däitsch Demokratesch Republik|DDR]] a [[Polen]], déi als "Politik vun de klenge Schräck" d'Situatioun entspanen an Ost a West nees méi no beienee brénge sollten.
 
De Bahr huet d'Regierung nom Brandt senger Demissioun am Mee [[1974]] verlooss, mä ass am Juli vum selwechte Joer als [[Bundesministerium für wirtschaftliche Zusammenarbeit und Entwicklung|Bundesminister für wirtschaftliche Zusammenarbeit]] ënner dem [[Helmut Schmidt]] zeréck an eng Regierung komm. Hien ass awer mam Schmidt ni richteg waarm ginn. De Bahr huet säi Ministerposten no de Walen [[1976]] verlooss, fir duerno nach fënnef Joer SPD-Bundesgeschäftsführer a bis [[1990]] Deputéierten am [[Däitsche Bundestag|Bundestag]] ze sinn.