SES-14
SES-14 | |
---|---|
Typ | Kommunikatiounssatellit |
Land | Lëtzebuerg |
Order | SES |
COSPAR-Bezeechnung | 2018-012B |
Dimensioun | 4,0 × 5,4 × 2,7 m |
Spanwäit | |
Fabrikant | Airbus Defense and Space> |
Satellittebus | E3000EOR |
Liewensdauer | 15 Joer |
Bedreiwer | SES S.A. |
Transponder | 20 Ku-Band an 28 C-Band Transponder |
Undriff | 6 Safran/Snecma Hall-Effet-Dreifwierker |
Energieleeschtung | 16 kW (EOL) |
Éischt Positioun | 47,5˚ West |
Lescht Positioun | |
Start | 25. Januar 2018, 22:20 UTC |
Startgewiicht | 4426 kg |
Startplaz | CSG, ELA-3 |
Drorakéit | Ariane 5 ECA |
Status | aktiv |
SES-14 ass e kommerzielle Kommunikatiounssatellit vun der Firma SES aus Lëtzebuerg.
Start
SES-14 gouf de 25. Januar 2018 um 22:30 UTC zesumme mam Kommunikatiounssatellit Al Yah 3 an der ierweschter Startpositioun vun der Duebelstartvirriichtung enger Ariane-5-ECA-Drorakéit vun der Startramp ELA-3 vum Centre Spatial Guyanais an eng supersynchron Geotransferorbit bruecht. De Satellit gouf no ronn 27 Minutte Fluch vun der Uewerstuf ofgetrennt. Amplaz vun der virgesinner Ëmlafbunn vu 250 × 45.000 km mat 3° Bunnschréiegt gouf SES-14 awer an eng däitlech méi staark schréi Orbit bruecht (232 × 43.198 km; 20,64°). Doduerch mussen zousätzlech 166 m/s Delta v opbruecht ginn, fir d'Bunnschréiegt ze reduzéieren. D'Zäit bis zum Erreechen vum geplangte geostationären Orbit wäert sech ëm ronn 4 Wochen erhéijen. Well de Satellit mat engem ganz effizienten Hallundriff etabléiert ass, wäert dëst wahrscheinlech ouni Behënnerung vun der geplangten Liewensdauer méiglech sinn.[1]
Opbau
SES-14 ass mat 20 Ku-Band- an 28 C-Band Transponderen ausgerëscht a soll vun der Positioun 47,5˚ West aus Nord- a Südamerika, d'Karibik, den Nordatlantik, Westeuropa an de Mëttelmierraum mat Telekommunikatiounsdéngschtleeschtungen a Televisioun versuergen. De Satellit baséiert op dem Satellittebus Eurostar-3000EOR (Electric Orbit Raising) vum Airbus Defence and Space a benotzt fir all Undriffszwecker effizient Hall-Effet-Dreifwierker amplaz chemescher Rakéitendreifwierker. Déi 6 PPS5000-Dreifwierker vum Fabrikant Safran/Snecma mat jee 2–5 kW Leeschtung ginn fir d'Unhiewen vum Orbit héijem Schub (300 mN) a klengem spezifischen Impuls (1700 s) bedriwwen, fir kleng Korrekturmanöver an zum Anhalen vun der virgesinnener Positioun da mat niddregem Schub (180 mN) a méi héijem spezifischen Impuls (1850 s).
Als sekundär Notzlascht gouf den NASA-Experiment Global-scale Observations of the Limb and Disk (GOLD) an de Satellit integréiert. Iwwer fënnef Joer ewech soll domat all 30 Minutten d'Temperatur an d'Zesummesetzung vun der Ionosphär an der Thermosphär gemooss ginn. GOLD gouf am Kader vum Explorer-Programm entwéckelt a baséiert op engem Spektroskop am wäiten UV-Beräich. D'Instrument ass 40 × 30 × 70 cm grouss, huet e Gewiicht vu 36 kg a verbrauch 72 W Stroum.
Um Spaweck
- Websäit vum Betreiwer: SES-14's mission