Superäerd

Versioun vum 18:21, 30. Jan. 2018 vum SITCK (Diskussioun | Kontributiounen) (nei).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)

Superäerd ass eng ëmgangssproochlech Bezeechnung fir e groussen extrasolaren terrestresche Planéit. D'Bezeechnung riicht sech nëmme no der Mass, mécht awer keng Aussoe zu der Uewerflächenbeschafenheet oder Bewunnbarkeet vum Planéit. Wéinst dem geleefegste Moossstaf muss dësen op mannst sou schwéier wéi d'Äerd sinn, awer méi liicht wéi de Planéit Uranus, dementspriechend déi 1- bis 14-fach Äerdmass opweisen. Aner gängeg Definitiounen setzen déi 1- bis 10- respektiv 5- bis 10-fach Äerdmass viraus.[1][2] Bei nach méi grousser Mass gëtt vun enger Mega-Äerd geschwat. Weider gëtt de Planéit allgemeng duerch dee vun him ëmkreeste Stär ausreechend bestralt, well hien als kale Planéit vun dëser Gréisst an dëser Systemanuerdnung nëmme wéineg Gas verléieren an zu engem Gasplanéit géif ginn.[3]

Illustratioun vun den ofgeleete Gréisste vun der Superäerd COROT-7b (Mëtt) am Verglach zu der Äerd an dem Neptun

Et gouf vereenzelt Entdeckungen vu Superäerden zanter der Entdeckung vu Gliese 876 d duerch ee vun Eugenio Rivera geleetem Team. D'Sonnesystem enthält keng vergläichbar Planéiten, de gréissten terrestresche Planéit vum Sonnesystem ass d'Äerd; all méi grouss Planéiten hu méi wéi 14 Äerdmassen.

Verschidden aner Planéiten, zum Beispill My Arae d, goufen duerch Computersimulatiounen als Superäerd virgeschloen, woubäi sech dës Meenungen awer als falsch erausgestallt hunn.

Nowäis

Duerch feelend Genauegkeet vun de Moossmethode konnt bis elo bei de meeschten extrasolare Planéiten, déi an d'Grupp vun de Superäerden agestuft goufen, eng äerdähnlech Natur net zweifelsfräi nogewise ginn. Bei Planéiten mat Massen vu manner wéi z. B. 14 Äerdmassen ass et schwiereg z'entscheeden, wann eng eventuell aktuell dicht Gashüll net méi wéi dicht Atmosphär, mä als Gasmantel ëm e festen Kär gewäert gëtt (Gasplanéit). Fir z'entscheeden, ob et sech ëm e Gestengsplanéit oder ëm e sougenannten gliddesche Neptun handelt, ass et erfuerderlech, d'Dicht an der Moyenne méiglechst genee ze bestëmmen. Dat ass ganz schwiereg, well et sech bei der bekannte Planéitemass wéinst der vernoléissegter an dacks onbekannter Bunneschréiegt meeschtens nëmmen ëm d'Ënnergrenz vun der méiglecher Mass handelt.

Den éischten zwäifelsfräi nogewisenen extrasolare Gestengsplanéit ass deen Ufank 2009 entdeckte Planéit CoRoT-7 b (virdrun CoRoT-Exo-7 b). Mëttlerweil ass mam Kepler-10b e weidere nogewisene Gestengsplanéit bekannt. Et geet een awer dovun aus, datt vill weider „Superäerden“ eng terrestresch Struktur hunn. Enn 2011 koum mat Kepler-22b e neie Kandidat derbäi. Trotz senges klengem Duerchmiessers ass allerdéngs nach net bekannt, ob er sech ëm e Gestengsplanéit handelt (Stand: Dezember 2011).

Entdeckungen

Schabloun:Kuckt och

Éischt Superäerd

Déi éischt Superäerden goufen vun Wolszczan an Frail ëm de Pulsar PSR B1257+12 am Joer 1992 fonnt. D'Pulse vum Stär koumen mat regelméissegen Verlängerungen un, wat d'Wëssenschaftler dorop higewisen hunn, datt hie vun zwee Trabanten begleet gëtt. Bei dëser Aart vu Miessung handelt et sech ëm d'Timing-Method. Déi zwee baussenzeg Planéiten vun am Ganzen véier entdeckten Trabanten vum System hunn ongeféier 4 Äerdmassen, sinn also ze kleng fir Gasplanéiten.

Weider bedeitend Superäerden

Déi éischt Superäerd ëm een Haaptreiestär gouf 2005 duerch ee vum Eugenio Rivera geleeten Team entdeckt. De Planéit kreest ëm de Gliese 876 a gouf als Gliese 876 d bezeechent (zwee jupitergrouss Planéiten waren virdrun am selwechte System entdeckt ginn). No Schätzungen huet hien knapps déi 6-fach Äerdmass an eng ganz kuerz Ëmlafzäit vu nëmmen zwee Deeg. Wéinst der kuerzer Noperschaft vu Gliese 876 d zu sengem Stär huet seng Uewerfläch eng Temperatur vu 650 Kelvin.[4]

Zwou weider Superäerden goufen am Joer 2006 entdeckt: OGLE-2005-BLG-390Lb mat op mannst dem 5,4-fachen vun der Äerdmass, dee mat der Microlensingmethod entdeckt gouf, an HD 69830 b mat op mannst 10 Äerdmassen.[1] Béid Exoplanéiten ëmkreesen jee en Haaptreiestär, e sougenannte Rouden Zwerg.

Am Juni 2008 huet den David P. Bennett d'Entdeckung vum vläicht klengsten Exoplanéit, MOA-2007-BLG-192-Lb, bei enger Versammlung vun der amerikanescher astronomescher Gesellschaft bekannt ginn.[5][6] Dëse Superäerd hat nëmmen 3,2-mol souvill Mass wéi eis Äerd a kreest ëm e Brongen Zwerg am Stärebild Sagittarius. Deen ongeféier 300 Liichtjoer wäit ewech leiende Planéit besteet méiglecherweis zum gréissten Deel aus Äis a Gestengs a gouf mam Microlensing-Effet fonnt.

An dem selwechte Mount gouf d'Entdeckung vu gläich dräi Superäerden ëm de sonnenähnleche Stär HD 40307 am Stärebild Pictor duerch den ESO bekannt gemaach. [7]

Ufank Februar 2009 huet den Thüringer Landesobseratoire d'Entdeckung vun engem extrasolaren Gestengsplanéit mam Numm CoRoT-7 b bekannt gemaach. Dee nëmmen 1,75 Äerdradien grousse Planéit gouf am Januar mam Weltraumteleskop CoRoT mat der Transitmethod entdeckt. Bei der Entdeckung handelt et sech ëm den éischte nogewisenen terrestreschen Exoplanéit an domat ëm déi éischt zweifelsfräi Superäerd. Mat enger Ëmlafzäit vu nëmme ronn 20 Stonnen hält de Planéit e weidere Rekord. Wéinst senger geschätztener Mass a senger noer Distanz zu sengem Mammestär war et bal onméiglech, datt et sech ëm e Gas- oder Äisrisen handelt. Soumat gëtt ugeholl, datt et sech ëm en äerdähnleche Planéit handele muss.[8][9] No laangen Observatiounen a Miessungen mam HARPS-Instrument um 3,6-Meter-Teleskop vun der ESO goufen am September vum selwechte Joer d'Meenung geséchert. CoRoT-7 b huet deemno déi ongeféier 5-fach Äerdmass an eng vergläichbar Dichtmoyenne wéi eis Äerd.[10]

Am Abrëll 2009 gouf de Michel Mayor vum Genfer Observatoire d'Entdeckung vum Planéit Gliese 581 e bekannt. Mat enger Mindestmass vun 1,9 Äerdmassen ass et ee vun den bis elo masseäermsten Exoplanéiten.[11]

Déi béid éischt Superäerden ëm sonnenähnlech Stäre, 61 Vir b an HD 1461 b, goufen Enn 2009 entdeckt.

Ufank 2011 séchert d'NASA déi éischt Entdeckung vun engem Gestengsplanéit duerch de Weltraumteleskop Kepler. De Kepler-10b genannten Exoplanéit huet déi 1,4-fach Gréisst an ongeféier déi 4,6-fach Mass vun eiser Äerd. Et ass dee bis elo klengsten Exoplanéit, deen entdeckte gouf an huet eng Dicht vun 8,8 g/cm³, woufir et sech ëm en terrestresche Planéit handele muss.[12]

Éischt Superäerden an der habitabeler Zon

Am Abrëll 2007 huet ee vum Team Stéphane Udry (usässeg an der Schwäiz) d'Entdeckung vun zwou neien Superäerden ëm de Gliese 581 bekannt gemaach. Alle béid leien an der bewunnbarer Zon, an där flësseg Waasser existéiere kënnt. Gliese 581 c, dee 5 Äerdmassen huet an 0,073 AE oder 11 Millioune Kilometer vu Gliese 581 ewech ass, läit um "waarme" Rand vun der bewunnbarer Zon ëm de Gliese 581, mat enger geschatener Duerchschnëttstemperatur (ouni atmosphäresch Effete) vu −3 °C bei enger Venus-ähnlecher Albedo a 40 °C bei enger äerdähnlecher. Et ass deen éischten äerdähnlechen Exoplanéit mat liewensfrëndlechen Temperaturen. No neieste Computermodeller vun etleche Wëssenschaftler ass Gliese 581 c awer méiglecherweis ze waarm, fir flëssegt Waasser ze hunn. Dono géif den Exoplanéit éischter der Venus gläichen a Waasser wär a flësseger Form wuel net ze erwarden.

Dogéint huet sech Gliese 581 d als inexistent erausgestallt.

Eegenschaften

Duerch hir héich Mass hunn Superäerden vun der Äerd ofweechend physikalesch Eegenschaften. An enger Studie iwwer Gliese 876 d duerch ee vum Diana Valencia geleeten Team[1]hat sech erausgestallt, datt et méiglech ass, aus deem duerch die Transitmethod gemoossene Radius ze schléissen, ob et sech beim entdeckte Planéit ëm eng Superäerd handelt. Fir de Gliese 876 reechen d'Kalkulatiounen vun 9.200 km (1,4 Äerdradien) fir e fielsege Planéit mat groussem Eisekär bis 12.500 km (2,0 Äerdradien) fir e wässeregen an äisige Planéit. Mat där Spannwäit u Radien kënnt d'Superäerd Gliese 876 d eng Uewerflächegravitatioun tëscht 1,9 g an 3,3 g hunn. Héich Uewerflächengravitatioun (allgemeng méi héich wéi Neptun- a Saturn-grouss Planéiten an a bestëmmte Fäll méi grouss wéi Jupiter-grouss Planéiten) ass eng groussaarteg Eegenschaft vu Superäerden.

Weider theoretesche Aarbechten vum Valencia an aneren koumen zum Resultat, datt Superäerden geologesch méi aktiv sinn, wéi eis Äerd, mat méi staarker Plattentektonik ënn gréissere Belaschtungen. Faktesch erginn hir Modeller, datt d'Äerd selwer e "grenzwäertege" Fall ass a grad grouss genuch ass, fir Plattentektonik auszebilden.[13]

Kuckt och

  Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Superäerden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. 1,0 1,1 1,2 Valencia et al.: Radius and structure models of the first super-earth planet. In: The Astrophysical Journal. Februar 2007
  2. Peter N. Spotts: (en) Canada’s orbiting telescope tracks mystery ‘super Earth’. In: Hamilton Spectator, 28. Abrëll 2007
  3. Fortney et al.: Planetary Radii across Five Orders of Magnitude in Mass and Stellar Insolation: Application to Transits. April 2007
  4. Rivera et al.: 7.5 M Planet orbiting the nearby star GJ 876. 2005
  5. Program Planne. Oasis, Online Abstract Submission and Invitation System
  6. A Low-Mass Planet with a Possible Sub-Stellar-Mass Host in Microlensing Event MOA-2007-BLG-192. Schabloun:ArXiv
  7. A Trio of Super-Earths. ESO Science, Release No. 19/08: June 16, 2008
  8. „Venustransit“ bei Corot-Exo-7. TLS-Tautenburg, 3. Februar 2009
  9. CoRoT entdeckt extrasolaren Gesteinsplaneten Deutsches Zentrum für Luft- und Raumfahrt, 3. Februar 2009
  10. COROT-7 b – Eindeutiger Beweis für Gesteinsplanet. Astronews.com, 16. September 2009
  11. Gestengsplanéit entdeckt, Waasserwelt ugeholl, astronews.com, 21. Abrëll 2009
  12. Kepler – Erster Gesteinsplanet entdeckt, Astronews.com, 11. Januar 2011
  13. Earth: A Borderline Planet for Life? CfA Press Release No.: 2008-02 January 09, 2008