Alaska
Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Alaska | |||||
| |||||
Spëtznumm: The Last Frontier | |||||
Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
Haaptstad: | Juneau | ||||
Gréisst Stad: | Anchorage | ||||
Gouverneur: | Mike J. Dunleavy | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 1. Plaz 1.717.854 km² 13,77 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 47. Plaz 731.449 (2012 geschat) 0,49/km² | ||||
Opgeholl als Memberstaat: | 3. Januar 1959 (49ten) | ||||
Zäitzon: | UTC-9, -10 |
Alaska ass dee flächeméisseg gréissten (eng 20 % vun der totaler Fläch), nërdlechsten a westlechste Bundesstaat vun de Vereenegte Staate vun Amerika, souwéi déi gréisst Exklav vun der Äerd. Dogéint huet en awer just déi véiertniddregst Bevëlkerungszuel vun allen US-Bundesstaaten an déi klengst Bevëlkerungsdicht. Zesoen d'Hallschent vu senge ronn 710.000 Awunner (Stand 2010) liewen an der Agglomeratioun vun Anchorage. D'USA hunn deen Territoire 1867 vum Russesche Räich kaaft.
Geschicht
ännerenAlaska war fir déi opstriewend Weltmuecht Russland déi eenzeg Iwwerséi-Kolonie, déi awer kaum rentabel a schwéier ze verwalte war, absënns wéi mat der Zäit d'Pelzdéieren ëmmer méi rar goufen an déi lokal Indianer ëmmer méi Schwieregkeete gemaach hunn. Dozou koum, datt d'Passage duerch d'Äismier geféierlech war, an eng Rees vun der deemoleger Haaptstad Sankt Péitersbuerg aus queesch duerch d'Land méi wéi en halleft Joer gebraucht huet. Wéi d'Staatskeesen nom verluerene Krimkrich eidel waren huet den Zar Alexander II. den 30. Mäerz 1867 engem Kontrakt zougestëmmt, deen Alaska fir 7,2 Milliounen US-Dollar un déi Vereenegt Staate verkeeft (no haitegem Wäert ronn 90 Milliounen US-Dollar). Eréischt 1899 gouf Gold entdeckt an 1968 Pëtrol, soudatt zum Zäitpunkt wéi Alaska offiziell an US-amerikanesche Besëtz iwwergoung (18. Oktober 1867) dee Kaf an der US-Ëffentlechkeet nach héich ëmstridde war.
Geographie
ännerenSituatioun an Topographie
ännerenGréisst Stied
ännerenStad | County | Awunnerzuel 1.4.2000 |
Awunnerzuel 1.4.2004 |
Awunnerzuel 1.7.2005 geschat |
---|---|---|---|---|
Anchorage | Anchorage Borough | 260.283 | 272.687 | |
Juneau | Juneau Borough | 30.711 | 30.987 | |
Fairbanks | Fairbanks North Star Borough | 30.224 | 31.324 | |
College | Fairbanks North Star Borough | 11.404 | 11.800 | |
Sitka | Sitka Borough | 8835 | 8900 | 8986 |
Ketchikan | Ketchikan Gateway Borough | 7922 | 7410 | |
Knik-Fairview | Matanuska-Susitna Borough | 7049 | ||
Kenai | Kenai Peninsula Borough | 6942 | 7464 |
Politik
ännerenAlaska ass fest an den Hänn vun de Republikaner, deenen hir wuel bekanntst Representantin déi fréier Gouverneurin Sarah Palin ass.
Ekonomie
ännerenD'Äerduelegfërderung, déi eng 85 % vum staatlechen Akommes ausmécht, bréngt Alaska op déi sechst Plaz vun de wirtschaftlech erfolgräichste Bundesstaate vun den USA. Wéinst deene grousse Bëschgebidder ass awer och d'Holz- a Pabeiersindustrie e wichtegen ekomomesche Facteur. Et gëtt an Alaska Gold, Koffer, Sëlwer, Bläi, Zënn, Eisen a Kuelen. Wat d'Fëscherei ugeet sou gi virun allem Saumon a Kabeljau exportéiert.