Europadag
Als Europadag ginn zwéin Deeg am Joer bezeechent, déi als Feierdag fir Europa zielen: de 5. Mee gëtt un d'Grënnung vum Europarot, an den 9. Mee un d'Schuman-Deklaratioun erënnert.
5. Mee – Europadag vum Europarot
ännerenDësen Europadag, deen de Ministercomité 1964 agefouert huet, erënnert un d'Ënnerschreiwe vun der Charta vum 5. Mee 1949 zu London, mat där den Europarot gegrënnt gouf.
9. Mee – Europadag vun der Europäescher Unioun
ännerenOp Grond vun enger Iddi vum Jean Monnet, huet de franséischen Ausseminister Robert Schuman den 9. Mee 1950 an enger Ried zu Paräis virgeschloen, eng Produktiounsgemeinschaft fir d'Kuel- a Stolproduktioun ze schafen. Dës Ried gouf als Schuman-Deklaratioun bekannt a war den Urspronk fir d'Grënnung vun der Europäescher Communautéit fir Stol a Kuel (CECA), aus där méi spéit déi haiteg Europäesch Unioun entstanen ass.
Beim Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen 1985 zu Mailand gouf beschloss, als Erënnerung un dëst Evenement, all Joer den 9. Mee den „Europadag vun der Europäescher Unioun“ z'organiséieren, op deem elo zanter 1986 vill Manifestatiounen a Festlechkeete gemaach ginn. Gläichzäiteg hunn d'Fonctionnairë vun den EU-Institutiounen op deem Dag fräi.
Offizielle Feierdag
ännerenAm Kosovo ass de Europadag den 9. Mee (alb.: Dita e Evropës) e gesetzleche Feierdag. Zu Lëtzebuerg gouf, op Propositioun vun der Regierung, den Europadag ((fr) Journée de l'Europe) 2019 als e gesetzleche Feierdag agefouert[1],[2].
Um Spaweck
ännerenCommons: Europadag – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Den Europadag vum Europarot (de) op coe.int
- Den Europadag vun der Europäescher Unioun (de) op europa.eu
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Legale Congé an Europadag - Méi Fräizäit schonn dëst Joer op rtl.lu den 8. Januar 2019
- ↑ Loi du 25 avril 2019 portant modification: 1. des articles L. 232-2 et L. 233-3 du Code du travail ; 2. de l'article 28-1 de la loi modifiée du 16 avril 1979 fixant le statut général des fonctionnaires de l'État op legilux.lu, gekuckt den 30. Abrëll 2019