Harry Meyen
däitsche Schauspiller a Regisseur
Den Harry Meyen, gebuer als Harald Haubenstock den 31. August 1924 zu Hamburg, an och do gestuerwen de 14. Abrëll 1979, war en däitsche Schauspiller a Regisseur.
Harry Meyen | |
---|---|
Gebuertsnumm | Harald Haubenstock |
Gebuer |
31. August 1924 Hamburg |
Gestuerwen |
15. Abrëll 1979 Hamburg |
Doudesursaach | Erhänken |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Synchronspriecher, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Filmregisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Romy Schneider |
Den Harry Meyen war an der Zäit vum Zweete Weltkrich wéinst senge jiddeschen Originnen am KZ Neuengamme internéiert.
Nom Krich huet seng Schauspillercarrière am Thalia Theater zu Hamburg ugefaangen. Hei ass hie 7 Joer laang bliwwen. Duerno krut hien Engagementer an Theateren zu Oochen a Berlin. Zanter 1948 war hien awer och am Film aktiv.
Am Joer 1966 huet hie sech mat der Schauspillerin Romy Schneider bestuet. Hire Mariage gouf am Joer 1976 erëm gescheet.
Am Joer huet 1979 huet den Harry Meyen, deen un Depressioune gelidden huet, Selbstmord begaangen.
Filmographie
ännerenKino
änneren- 1948: Arche Nora, vum Werner Klingler
- 1951: K - Das Haus des Schweigens, vum Hans Hinrich mam Ernst Deutsch
- 1952: Der große Zapfenstreich, vum George Hurdalek mam Johanna Matz an Jan Hendriks
- 1952: Alraune, vum Arthur Maria Rabenalt mam Hildegard Knef an Erich von Stroheim
- 1952: Wir tanzen auf dem Regenbogen, vum Carmine Gallone an Arthur Maria Rabenalt mam Inge Egger a Karl Schönböck
- 1953: Geliebtes Leben, vum Rolf Thiele mam Ruth Leuwerik a Carl Raddatz
- 1953: Regina Amstetten, vum Kurt Neumann mam Luise Ullrich a Carl Raddatz
- 1954: Der treue Husar, vum Rudolf Schündler mam Paul Hörbiger a Loni Heuser
- 1954: Fräulein vom Amt, vum Carl-Heinz Schroth mam Renate Holm a Georg Thomalla
- 1955: Des Teufels General, vum Helmut Käutner mam Curd Jürgens a Marianne Koch
- 1956: Meine 16 Söhne, vum Hans Domnick mam Lil Dagover an Helmut Lohner
- 1956: Nacht der Entscheidung, vum Falk Harnack mam Carl Raddatz an Albert Lieven
- 1957: Skandal in Ischl, vum Rolf Thiele mam O.W. Fischer an Ivan Desny
- 1957: Junger Mann, der alles kann, vum Thomas Engel mam Georg Thomalla a Renate Ewert
- 1958: Der eiserne Gustav, vum George Hurdalek mam Heinz Rühmann a Karin Baal
- 1958: Petersburger Nächte, vum Paul Martin mam Ewald Balser an Johanna von Koczian
- 1958: Madeleine und der Legionär, vum Wolfgang Staudte mam Hildegard Knef a Bernhard Wicki
- 1959: Alt Heidelberg, vum Ernst Marischka mam Christian Wolff a Sabine Sinjen
- 1959: Freddy, die Gitarre und das Meer, vum Wolfgang Schleif mam Freddy Quinn, Sabine Sesselmann a Corny Collins
- 1960: Eine Frau fürs ganze Leben, vum Wolfgang Liebeneiner mam Ruth Leuwerik a Klausjürgen Wussow
- 1960: Sturm im Wassergla, vum Josef von Báky mam Ingrid Andree an Hanns Lothar
- 1960: Liebling der Götter, vum Gottfried Reinhardt mam Ruth Leuwerik a Peter van Eyck
- 1960: Das kunstseidene Mädchen, vum Julien Duvivier mam Giulietta Masina a Gert Fröbe
- 1961: Mörderspiel, vum Helmut Ashley mam Magali Noël a Robert Graf
- 1961: Lebensborn, vum Werner Klingler mam Maria Perschy an Joachim Hansen
- 1962: Die Rote, vum Helmut Käutner mam Ruth Leuwerik a Rossano Brazzi
- 1962: Frauenarzt Dr. Sibelius, vum Rudolf Jugert mam Lex Barker a Barbara Rütting
- 1963: Le meurtrier, vum Claude Autant-Lara mam Gert Fröbe a Marina Vlady
- 1964: Die Gruft mit dem Rätselschloss , vum Franz Josef Gottlieb mam Harald Leipnitz an Judith Dornys
- 1966: Triple Cross, vum Terence Young mam Christopher Plummer a Romy Schneider
- 1966: Paris brûle-t-il?, vum René Clément mam Kirk Douglas an Jean-Paul Belmondo