Joseph Keup

lëtzebuergesche Paschtouer an Dichter

De Joseph Keup, gebuer den 21. Mäerz 1891 zu Verviers, a gestuerwen de 5. Abrëll 1981 zu Iechternach,[1] war e lëtzebuergesche Paschtouer an Dichter.

Joseph Keup
Gebuer 21. Mäerz 1891
Gestuerwen 5. Abrëll 1981
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Monument fir de Jos Keup bei der Kierch zu Boufer

Hie gouf 1917 geweit a war Kaploun zu Diddeleng an zu Déifferdeng, tëscht 1928 an 1931 Paschtouer zu Wolwen, bis 1948 zu Bäerdref a bis 1952 zu Bech-Maacher. 1942 gouf hien am KZ Hinzert, duerno am KZ Dachau inhaftéiert.[2]

Hie war vun 1975 bis zu sengem Doud Member vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal.

De Joseph Keup huet, z. D. ënner dem Pseudonym Monni Joss, Stëmmungs- an Naturlyrik op Lëtzebuergesch geschriwwen, déi en ë. a. an der Nouvelle revue luxembourgeoisse (Academia), Luxemburger Wort, Die Ware, Arts et Lettres, An der Ucht an am Luxemburger Marienkalender publizéiert huet.[2]

Zu Bäerdref[3] an an der Stad Lëtzebuerg gouf eng Strooss no him genannt. Zu Bäerdref beim Maartbësch an zu Boufer bei der Kierch steet e Monument fir un hien z'erënneren.

Gesamt-Lyrësch-Wierk. I Rousen an Haartnol. II Sittidee - Sittidee. III Vom Karschnatz gesimmelt nei Gedichter. [préf.: Pierre Grégoire, Fernand Hoffmann]

Referenzen

änneren
  1. Roger Muller, in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1., S.320.
  2. 2,0 2,1 Muller.
  3. "Gemeinderatssitzungen - Séances du conseil communal: Sitzung vom Montag den 13. Oktober 2003". De Germengebuet 1/2004.

Um Spaweck

änneren