La vague
Skulptur vum Lucien Wercollier
La vague ass den Numm vun enger monumentaler Skulptur am Marber vum Lucien Wercollier, déi zu Ettelbréck nieft engem vun de Gebaier vum neuropsychiatresche Spidol steet.
Typ | Skulptur |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Ettelbréck |
Plaz | Centre hospitalier neuro-psychiatrique |
Material | Marber |
Kënschtler | Lucien Wercollier |
D'Skulptur, déi vun der Strooss Lëtzebuerg-Ettelbréck (avenue des Alliés) aus ze gesinn ass, steet riets vum Wee dee bei d'Gebai vum Atelier artistique vum Centre féiert.
D'Skulptur
ännerenD'Skulptur, déi, wéi den Numm et seet, un eng Well erënnert, ass 1968 entstanen. Et gëtt se an zwou Versiounen:
- eng kleng Versioun, déi 1968 virun der Kannerklinick an der Stad Lëtzebuerg opgestallt gouf. Wéinst dem Chantier vum Ausbau vun der Klinick gouf s'ewechgeholl a spéider ronn 200 m méi wéit ewech virum Stater Centre hospitalier nei opgestallt. D'Skulptur ass op der Récksäit mat "L. Wercollier 1968" signéiert.
- eng grouss, 4,60 m laang Versioun, déi 1970 virum deemolegen Hôpital neuro-psychiatrique de l'Etat (haut Centre hospitalier neuro-psychiatrique) opgestallt gouf. Si ass aus dräi Stécker poléiertem Carrara-Marber zesumme gesat. De Kënschtler huet se net signéiert.
Quell
änneren- Joseph-Émile Muller, 1983. Lucien Wercollier. Publication de la Section des arts et lettres de l'Institut grand-ducal. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 132 S. Ouni ISBN. (Cf. S. 49, Text a Foto).
Kuckt och
änneren- Fir Biller vu weidere Skulpture vun dësem Kënschtler, kuckt Lucien Wercollier.