Le Puy-en-Velay
Le Puy-en-Velay ass eng franséisch Stad a Gemeng am Departement Haute-Loire an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes. Se ass déi gréisst Stad am Departement, de Sëtz vun deem senger Prefektur, an och Chef-lieu vum Arrondissement Le Puy-en-Velay, dat aus 4 Kantone besteet, Le Puy-en-Velay-1, 2, 3 a 4.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Vue iwwer d'Stad. | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Auvergne-Rhône-Alpes | ||||
Departement | Haute-Loire | ||||
Arrondissement | Le Puy-en-Velay | ||||
Kanton | Le Puy-en-Velay-1, 2, 3 a 4 | ||||
Postcode | 43000 | ||||
Gemengecode | 43157 | ||||
Koordinaten | 45° 02’ 39’’ N 03° 53’ 09’’ O | ||||
Fläch | 1 679 ha | ||||
Bevëlkerung | 18 634 (2014) |
Le-Puy-en-Velay läit am südleche Massif central am Südoste vun der Auvergne um Zesummefloss vun der Borne an der Loire. Wéinst hirer besonnescher Lag an enger vulkanescher Landschaft ass d'Stad eng beléift Touristendestinatioun: D'Stad gouf ronderëm Basaltkoppen (Puys), fréier Vulkankeegelen, gebaut. Besonnesch opfälleg ass d'Kierch Saint-Michel d'Aiguilhe op sou enger Kopp. Si steet op der Plaz vun engem réimeschen Tempel; zanter dem 10. Joerhonnert steet do eng chrëschtlech Kapell (déi vun haut ass aus dem 11. Joerhonnert). Um Vulkankegel niewendrun, dem Rocher Corneille, steet déi 16 m héich Statu vun der Notre–Dame de la France, déi 1860 aus 213 Kanoune gegoss gouf, déi am Krimkrich bei Sewastopol erbeit goufen. Déi duebelstäckeg Kathedral vu Le Puy-en-Velay um Fouss vum Rocher Corneille an um ieweschte Bord vun der Stad, gehéiert zum Weltkulturierwe vun der UNESCO, als Deel vum Jakobswee op Santiago de Compostela, der Via Podiensis, déi vun do fortgeet.
Jumelagen
ännerenGalerie
änneren-
D'Kathedral
-
Madonna
-
Saint Michel
Um Spaweck
ännerenCommons: Le Puy-en-Velay – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Uertschaft virdrun Versammlungsplaz Kathedral vu Puy |
Jakobswee Via Podiensis |
Uertschaft duerno Vals-près-le-Puy |