Maria Theresia vun Éisträich
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Äerzherzogin a Kinnigin vun Ungarn a Béimen. Fir aner Persoune mam Titel Maria Theresia vun Éisträich, kuckt wgl. Maria Theresia vun Éisträich (Homonymie). |
D'Maria Theresia vun Éisträich, gebuer den 13. Mee 1717 zu Wien, an do gestuerwen den 29. November 1780, war eng Fürstin aus dem Haus Habsburg. Si war Äerzherzogin vun Éisträich (1740 - 1780), Kinnek[1],[2] vun Ungarn (1741 - 1780), a Kinnigin vu Béimen (1743 - 1780); si war och Herzogin vu Lëtzebuerg.
Maria Theresia vun Éisträich | |
---|---|
Titelen | |
Äerzherzogin vun Éisträich | |
Zäit | 1740 bis 1780 |
Nofollger | Joseph II. |
Virgänger | Karl VI. |
Biographie | |
Gebuer |
13. Mee 1717 Hofburg |
Gestuerwen |
29. November 1780 Wien |
Bestuet mat | Franz I. Stephan |
Papp | Karel VI. |
Mamm | Elisabeth Christine vu Braunschweig-Wolfenbüttel |
Geschwëster | Maria Anna vun Éisträich, Maria Amalia vun Éisträich |
Kanner | Maria Elisabeth vun Éisträich, Maria Anna vun Éisträich, Maria Karolina vun Habsburg, Joseph II., Maria Christina vun Éisträich, Maria Elisabeth vun Éisträich, Karl Joseph vun Éisträich, Maria Amalia vun Éisträich, Leopold II., Johanna Gabriele vun Éisträich, Maria Josepha vun Éisträich, Maria Karolina vun Éisträich, Ferdinand Karl vun Éisträich-Este, Marie-Antoinette vun Éisträich, Maria Karolina vun Éisträich, Maximilian Franz vun Éisträich |
Obschonn dacks als Keeserin genannt, war d'Maria Theresia nimools Keeserin vum Hellege Réimesche Räich.
Si war déi eelst Duechter vum Karl VI. (1685 - 1740). Hire Brudder Leopold, den eenzege männlechen Trounfollger, gouf 1716 gebuer an ass nach am selwechte Joer gestuerwen. Doduerch huet si, nom Doud vum hirem Papp (1740), sämtlech Herrschafte vun den Habsburger geierft. Dat war och de Grond fir den éisträicheschen Ierffollegkrich.
1736 ass si mam François III., Herzog vu Loutrengen, (1708 zu Nanzeg - 1765 zu Innsbruck), bestuet ginn. Doduerch ass d'Linn Habsburg-Loutrengen entstanen an de François III. gëtt als Franz I. Stephan 1745 zum Keeser gewielt. Vun deem Moment un huet d'Maria Theresia sech och als Réimesch Keeserin betitelt.
Kanner
ännerenD'Maria Theresia hat 16 Kanner (11 Meedercher, 5 Jongen):
- Maria Elisabeth (* 5. Februar 1737; † 7. Juli 1740)
- Maria Anna (* 6. Oktober 1738; † 19. November 1789)
- Maria Karolina (* 12. Januar 1740; † 25. Januar 1741)
- Joseph II. (* 13. Mäerz 1741; † 20. Februar 1790)
- Marie Christine (* 13. Mee 1742; † 24. Juni 1798), 1766 bestuet mam Herzog Albert vun Sachsen-Teschen (1738-1822)
- Marie Elisabeth (* 13. August 1743; † 25. September 1808), Äbtissin zu Innsbruck
- Karl Joseph (* 1. Februar 1745; † 18. Januar 1761)
- Maria Amalia (* 26. Februar 1746; † 18. Juni 1804), 1769 bestuet mam Herzog Ferdinand vu Parma (1751-1802)
- Leopold II. (* 5. Mee 1747; † 1. Mäerz 1792)
- Karolina (*/† 17. September 1748)
- Johanna Gabriela (* 4. Februar 1750; † 23. Dezember 1762), verloobt mam Ferdinand I., Kinnek vu Sizilien (1751-1825)
- Josepha (* 19. Mäerz 1751; † 15. Oktober 1767), och verloobt mam Ferdinand I., Kinnek vu Sizilien
- Maria Karolina (* 13. August 1752; † 7. September 1814), 1768 bestuet mam Ferdinand I., Kinnek vu Sizilien
- Ferdinand (* 1. Juni 1754; † 24. Dezember 1806), bestuet mam Maria Beatrice d'Este, Ierwin vum Herzogtum Modena
- Marie Antoinette (Maria Antonia) (* 2. November 1755; † 16. Oktober 1793), 1770 bestuet mam Louis XVI., Kinnek vu Frankräich (1754-1793)
- Maximilian Franz (* 8. Dezember 1756; † 27. Juli 1801), Äerzbëschof, Kurfürst vu Köln
Éierung
ännerenFir un d'Maria Theresia z'erënneren ass an der Stater Uewerstad eng Strooss no hir genannt: d'Avenue Marie-Thérèse leeft vun der Bréisseler Plaz laanscht de Park bis bei d'Escher Strooss.
Virun 1925 war en Deel vun der haiteger Ënneschtgaass (tëscht dem Boulevard Royal an der Dräikinneksgaass) no hir genannt (Rue Marie-Thérèse).
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Maria Theresia vun Éisträich – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Karl III. |
Kinnek vun Ungarn 1740 - 1780 |
Nofollger: Joseph II. |
Virgänger: Karl Albrecht |
Kinnigin vu Béimen 1743 - 1780 |
Nofollger: Joseph II. |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ „D'Maria Theresia war vun elo un de Rex Hungariae (Kinnek vun Ungarn). E weiblechen Titel war an der Verfassung net virgesinn.“ Quell: Martin Mutschlechner, Eljen király – es lebe der König! Maria Theresia und Ungarn, op „Die Welt der Habsburger“, gekuckt de 26 Juni 2018
- ↑ „An Ungarn gëtt si 1741 als Kinnek gewielt, déi weiblech Form vum Titel existéiert net“ Quell: Ulinka Rublack, Maria Theresia: Die Ausnahmefrau op www.zeit.de, gekuckt de 26. Juni 2018