Minière Thillebierg
D'Minière Thillebierg war eng Grouf an der Gemeng Déifferdeng, aus där tëscht 1865 an 1981 Minette gefërdert gouf. Wéi se zougemaach gouf, war se déi lescht aktiv Minettesgrouf am Land.
Geschicht
ännerenD'Minière Thillebierg, am Bierg mam selwechten Numm, gouf 1865 a Betrib geholl.
D'Grouf huet sech iwwer eng Fläch vun 380 Hektar erstreckt. Et gëtt geschat, datt am Ganzen eng 500 Milliounen Tonne Minette do oufgebaut goufen, wat enger Moyenne vu ronn 400.000 Tonnen d'Joer entsprécht.[1]
Um Enn hunn nach eng 170 Leit dra geschafft. De 27. November 1981 gouf se fir ëmmer zougemaach. Domat war et och mat der leschter Minière zu Lëtzebuerg eriwwer.
De Grouwenagank gouf den 19. Juli 2001 an den Zousazinventaire vum klasséierte Kulturpatrimoine opgeholl.[2]
Biller
änneren-
Kappsteen iwwer der Haaptentrée
-
Entrée fir d'Mineuren
-
Zechenhaus
-
Vestiairen a Lagerhal
-
Zwéi weider (zougemauert) Agäng
Literatur
änneren- D'Oarbecht am Tillebierg an um Rollesbierg. (= Korspronk. Bulletin du Cercle historique de la Commune de Differdange Nr.18, 1999).
Um Spaweck
ännerenCommons: Minière Thillebierg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Mine Thillenberg op industrie.lu (mat Fotoen).
Referenzen
änneren- ↑ Quell; wou net anescht uginn: Christophe Hochard: "40th anniversary of Thillebierg mine closure." rtl.lu, 28.11.2021 (nogekuckt: 2023-05-08).
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).