Zdeněk Miler
Den Zdeněk Miler, gebuer den 21. Februar 1921 zun Kladno (Tschechoslowakei), a gestuerwen den 30. November 2011 zu Nová Ves pod Pleší[1], war en tschecheschen Zeechner an Dessins-animés-Mécher.
Zdeněk Miler | |
---|---|
Gebuer | 21. Februar 1921 |
Gestuerwen | 30. November 2011 |
Nationalitéit | Tschechesch Republik |
Aktivitéit | Cartoonist, Filmregisseur, Illustrateur, Animateur, Moler, Dréibuchauteur, Regisseur, Graphiker |
De Miller huet Graphik studéiert an zanter 1942 Zeechentrickfilmer gemaach. Nom Zweete Weltkrich ass e bei d'Dessins-animés-Produktiounsfirma Bratři v triku schaffe gaangen, där hiren Direkter e méi spéit gouf.
Bekannt ass virun allem säi Personnage "Klenge Maulef" (op tschechesch: "Krtek" oder "Krteček", op Däitsch: "Kleiner Maulwurf"), vun deem en zanter 1957 eng 50 Episode vun enger 5 Minutte gemaach huet. D'Serie hat an huet e grousse Succès an ass an 80 Länner gewise ginn. Aner Serien haten eng kleng Grill ("Cvrček") als Haaptpersonnage.
2006 krut e vum Staatspresident Václav Klaus den tscheche Gielchen pour le mérite fir säi Liewenswierk.[2]
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Maulwurf-Erfinder gestorben. In: die tageszeitung, 1. Dezember 2011.
- ↑ Orden für Trickfilmzeichner: Große Ehre für kleinen Maulwurf, n-tv, 29. Oktober 2006