Op den Inhalt sprangen

Herman Van Rompuy: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k Bot Derbäi setzen: vi:Herman Van Rompuy
kKee Resumé vun der Ännerung
Linn 1: Linn 1:
[[Fichier:Herman Van Rompuy portrait.jpg|thumb|Herman Van Rompuy]]
[[Fichier:Herman Van Rompuy portrait.jpg|thumb|Herman Van Rompuy]]
Den '''Herman Van Rompuy''', gebuer den [[31. Oktober]] [[1947]] zu [[Etterbeek]], ass e [[Flandern|flämesche]] [[Politiker]] ([[Christen Democratisch en Vlaams]], CD&V). Hien ass zënter dem 30. Dezember 2008 belsche Premierminister a Regierungschef. Den [[19. November]] [[2009]] gouf hien zum éischte permanente [[President vum Europäesche Conseil]] ernannt.
Den '''Herman Van Rompuy''', gebuer den [[31. Oktober]] [[1947]] zu [[Etterbeek]], ass e [[Flandern|flämesche]] [[Politiker]] ([[Christen Democratisch en Vlaams]], CD&V). Hie war vum 30. Dezember 2008 bis Enn 2009 belsche Premierminister a Regierungschef. Den [[19. November]] [[2009]] gouf hien zum éischte permanente [[President vum Europäesche Conseil]] ernannt.

Den Herman Van Rompuy war, no sengem Philosophie- an Economiestudium zu [[Léiwen]], tëscht 1972 bis 1975 Attaché bei der [[Belsch NAtionalbank|Belscher Nationalbank]]. Dono gouf e Conseiller vum Premierminister [[Leo Tindemans]] (1975–1978) a vum Finanzminister [[Gaston Geens]] (1978–1980). Vun 1980 bis 1988 war en Direkter vum ''Centrum voor Politieke, Economische en Sociale Studies''. Hien huet bis 1987 Coursen op der Héichschoul fir Commerce zu [[Antwerpen]], a vun 1982 un och op der ''Vlaamse Economische Hogeschool Brussel'' ginn.

Versioun vum 22:34, 5. Mäe. 2010

Herman Van Rompuy

Den Herman Van Rompuy, gebuer den 31. Oktober 1947 zu Etterbeek, ass e flämesche Politiker (Christen Democratisch en Vlaams, CD&V). Hie war vum 30. Dezember 2008 bis Enn 2009 belsche Premierminister a Regierungschef. Den 19. November 2009 gouf hien zum éischte permanente President vum Europäesche Conseil ernannt.

Den Herman Van Rompuy war, no sengem Philosophie- an Economiestudium zu Léiwen, tëscht 1972 bis 1975 Attaché bei der Belscher Nationalbank. Dono gouf e Conseiller vum Premierminister Leo Tindemans (1975–1978) a vum Finanzminister Gaston Geens (1978–1980). Vun 1980 bis 1988 war en Direkter vum Centrum voor Politieke, Economische en Sociale Studies. Hien huet bis 1987 Coursen op der Héichschoul fir Commerce zu Antwerpen, a vun 1982 un och op der Vlaamse Economische Hogeschool Brussel ginn.

Vun 1988 bis 1993 war hie President vun der CVP, der Virgängerpartei vun der CD&V. Vun 1993 bis 1999 war e Vizepremier a Budgetsminister an der Federaler Regierung.

Am Juni 1999, huet d'CVP missen an d'Oppositioun. Den Herman van Rompuy war zënterdeems Deputéierte vum nationale Parlament, a gouf den 12. Juli 2007 President dovunner. 2004 krut hien den Éierentitel "Ministre d'État".

Nodeems dem Yves Leterme seng Regierung no e puer Méint auserneegebrach war, gouf de Van Rompuy den 30. Dezember 2008 vum Kinnek Albert II. als 48. belsche Premierminister vereedegt.

Hien ass de Brudder vum Eric Van Rompuy, dee vun 1995 bis 1999 de Ministeschportefeuille vun der Economie, de PME'en, der Landwirtschaft an de Medien an der flämescher Regierung hat, a vun der Syndikalistin Tine Van Rompuy.

De Van Rompuy ass bestuet a Papp vu véier Kanner.

Publikatiounen

Commons: Herman Van Rompuy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck