Amanvillers
Ausgesinn
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Moselle | ||||
Arrondissement | Metz | ||||
Kanton | Rombas | ||||
Postcode | 57865 | ||||
Gemengecode | 57017 | ||||
Koordinaten | 49° 10’ 03’’ N 06° 02’ 37’’ O | ||||
Fläch | 976 ha | ||||
Bevëlkerung | 1.934 (1999) |
Amanvillers ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est. Amanvillers läit westlech vu Metz.
Den Uert gouf 1177 fir d'éischt als Almanviller ernimmt an ëm 1300 zerstéiert an opginn. Vum Joer 1448 gouf d'Plaz erëm opgebaut a frësch besidelt. Bei der Befreiung vun der däitscher Besatzung gouf Amanvillers am Hierscht 1944 zu iwwer 85 % zerstéiert.
An de Krichsjoren 1940-44 hat d'Uertschaft den däitschen Numm Almansweiler.
Nopeschuertschaften
[änneren | Quelltext änneren]- Saint-Privat-La.Montagne am Norden
- Vernéville am Südwesten
- Saint-Ail am Nordwesten
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle