Op den Inhalt sprangen

Olympesch Summerspiller 2024

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Spiller vun der XXXIII. Olympiad
Motto Ouvrons grand les Jeux
Land Frankräich
Stad Paräis
Ufanksdatum 26. Juli 2024
Schlussdatum 11. August 2024
opgemaach vum/vun der Emmanuel Macron
Olympeschen Eed Florent Manaudou
Olympesch Fakel Teddy Riner
Spiller virdrun Olympesch Summerspiller 2020
Spiller duerno Olympesch Summerspiller 2028
Um Spaweck https://olympics.com/fr/paris-2024
D'Olympescht Feier am Parc des Tuileries.

D'Olympesch Summerspiller 2024, offiziell Spiller vun der XXXIII. Olympiad, goufe vum 26. Juli bis den 11. August 2024 zu Paräis a Frankräich ofgehalen. Et waren no de Spiller vun 1900 an deene vun 1924 déi drëtt Olympesch Summerspiller déi zu Paräis organiséiert goufen.

Erëffnungszeremonie

[änneren | Quelltext änneren]

D'Erëffnungszeremonie de 26. Juli war op der Seine. 10.000 Athleete sinn op 180 Schëffer vum Pont d'Austerlitz bis bei de Pont d'Iéna iwwer de Floss gefuer an d'Spectateure konnten de Spektakel vun den Uwänner aus kucken. Ursprénglech war geplangt, datt iwwer eng Millioun Spectateure bei der Zeremonie kéinten derbäi sinn. Wéinst Sécherheetsbedenke goufen awer schlussendlech just ronn 600.000 Leit zougelooss, dovu 500.000 op de gratis Stéiplazen an eng 100.000 VIPen, déi bis zu 2.700 Euro fir en Entréesticket bezuelt hunn[1].

Et war an der Geschicht vun den Olympesche Spiller déi éischt Kéier, datt eng Ouvertureszeremonie net an engem Stadion organiséiert gouf.

Fir d'Ouverture gouf de Lëtzebuerger Fändel vun der Ni Xia Lian an dem Bob Bertemes gedroen[2]. D'Ni Xia Lian ass doriwwer eraus déi eelst Sportlerin déi jee op den olympesche Spiller mat derbäi war.[Source?]

Participatioun vu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Den COSL huet de 24. Juni 2024 d'Selektioun vum „Team Lëtzebuerg“ fir d'Spiller zu Paräis festgehalen; den 2. a 5. Juli goufen nach e puer zousätzlech Athleeten nonominéiert. Um Enn goufen 13 Athleeten (6 Fraen an 7 Männer) a follgende Sportaarte selektionéiert[3][4][5][6].

Kategorie Sportaart Athleet Participatioun
Liichtathleetik Bommstoussen Bob Bertemes 2.
100-m-Laf Patrizia van der Weken 1.
1500-m-Laf Vera Hoffmann 1.
3000-m Hecken Ruben Querinjean 1.
Vëlossport Stroossecourse Christine Majerus 4.
Alex Kirsch 1.
Reiden Dressur Nicolas Wagner-Ehlinger 2.
Schwammen 100-m-Fräistil Ralph Daleiden-Ciuferri 1.
Bouschéissen Recurve Pit Klein 1.
Dëschtennis Eenzel Sarah De Nutte

Ni Xia Lian

Luka Mladenovic

2.

6.

1.

Triathlon Jeanne Lehair 1.

De Chef de mission ass de Raymond Conzemius.

Commons: Olympesch Summerspiller 2024 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (de)Warum der Olympia-Auftakt die Pariser enttäuschen wird. luxemburger-wort-online (08.03.2024). Gekuckt de(n) 08.03.2024.
  2. (fr)Paris 2024 – Porte-drapeaux Jeux Olympiques - COSL (25.07.2024). Gekuckt de(n) 25.07.2024.
  3. (fr)Délégation Team Lëtzebuerg aux JO Paris 2024. teamletzebuerg.lu (25.06.2024). Gekuckt de(n) 29.06.2024.
  4. (fr)Délégation Team Lëtzebuerg aux JO Paris 2024 - Update 1. teamletzebuerg.lu (02.07.2024). Gekuckt de(n) 07.07.2024.
  5. (fr)Délégation Team Lëtzebuerg aux JO Paris 2024 - Update 2. teamletzebuerg.lu (02.07.2024). Gekuckt de(n) 07.07.2024.
  6. (fr)Délégation Team Lëtzebuerg aux JO Paris 2024 - Update 3. teamletzebuerg.lu (02.07.2024). Gekuckt de(n) 07.07.2024.