De Xenon (Symbol Xe) ass e cheemescht Element mat der Uerdnungszuel 54 am Periodesystem vun den Elementer. Seng relativ Atommass ass 131,29. De Xenon gehéiert zu der Kategorie vun den Eedelgasen. Et ass dat raarst, net radioaktiivt Element. De Xenon ass relativ bekannt, well en dacks an Autosluuchte benotzt gëtt.