Franséisch Foussballnationalekipp

Frankräich
Spëtznumm: Équipe Tricolore,
Les Bleus,
Les Tricolores
Federatioun: FFF
Trainer: Didier Deschamps
Meescht Matcher: Lilian Thuram (142)
Meescht Goler: Thierry Henry (51)
Stadion: Stade de France
Historesch Matcher
Éischte Match: Frankräich - Belsch: 3-3
1. Mee 1904, Bréissel
Héchst Victoire: Frankräich - Aserbaidjan: 10-0
6. September 1995, Auxerre
Héchst Nidderlag: Dänemark - Frankräich: 17-1
22. Oktober 1908, London
Weltmeeschterschaft
Participatioun: 16 x (fir d'éischt 1930)
Bescht Resultat: Weltmeeschter 1998, 2018
Europameeschterschaft
Participatioun: 9 x (fir d'éischt 1960)
Bescht Resultat: Europameeschter 1984 an 2000
Éischt Uniform

D'Franséisch Foussballnationalekipp vun de Männer, déi sougenannt Équipe Tricolore (nom franséische Fändel) oder kuerz Les Bleus wéinst den traditionell bloen Trikoten, ass eng vun deenen erfollegräichsten Nationalekippen am Foussball. Frankräich huet zweemol d'Foussball-Weltmeeschterschaft an zweemol d'Foussball-Europameeschterschaft gewonnen.

An der FIFA-Weltranglëscht läit d'Franséisch Nationalekipp op der 2. Plaz (Stand: 21. Dezember 2023).

Geschicht

änneren

De franséische Foussballdaachverband ass zanter 1919 d'Fédération Française de Football (FFF) a war 1954 ee vun de Grënnungsmembere vun der UEFA. Frankräich huet och fir d'éischt scho ganz fréi eng Weltmeeschterschaft ausgeriicht, nämlech d'WM 1938.

En éischte groussen internationalen Titel huet d'franséisch Nationalekipp allerdéngs eréischt an den 80er Jore gewonnen: Ënner der Féierung vum Michel Platini gouf d'Ekipp Tricolore op der EM 1984 am eegene Land Europameeschter, an ass op der WM 1982 a Spuenien an op der WM 1986 a Mexiko all Kéier d'Halleffinall komm. Nodeem de Kär vun dëse béiden Teams hir Carrière ofgeschloss hat, gouf et zunächst mol keen Erfolleg méi, a si hu béid Weltmeeschterschafts-Qualifikatiounen 1990 an 1994 verpasst.

Bei der WM 1998 am eegene Land gouf d'Ekipp Weltmeeschter. Als beschte Spiller vun dëser Zäit waren de Golkipp Fabien Barthez, Ofwierspiller a Kapitän Laurent Blanc souwéi den onverkennbare Regisseur Zinedine Zidane. An der Finall huet Frankräich déi favoriséiert brasilianesch Eelef mat 3:0 geschloen.

Frankräich huet säin Erfolleg dunn zwee Joer méi spéit confirméiere kënnen. Bei der EM 2000 an Holland an an der Belsch, hu si géint d'Italieenesch Foussballnationalekipp an der Finall mat 2:1 no Golden Goal gewonnen a sech den Titel geholl.

Participatioune un internationalen Turnéier

änneren
  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Foussball-Europameeschterschaft (sechsmol)

änneren
  • 1. EM 1960 a Frankräich / 4. Plaz
  • 7. EM 1984 a Frankräich / Europameeschter
  • 9. EM 1992 a Schweden / Virronn
  • 10. EM 1996 an England / Halleffinall
  • 11. EM 2000 an der Belsch an Holland / Europameeschter
  • 12. EM 2004 a Portugal / Véirelsfinall

Foussball-Weltmeeschterschaft

änneren
1930 an Uruguay Virronn
1934 an Italien Aachtelfinall
1938 a Frankräich Véirelsfinall
1950 a Brasilien op d'Ennronn verzicht
1954 an der Schwäiz Virronn
1958 a Schweden 3. Plaz
1962 am Chile net qualifizéiert
1966 an England Virronn
1970 a Mexiko net qualifizéiert
1974 an Däitschland net qualifizéiert
1978 an Argentinien Virronn
1982 a Spuenien 4. Plaz
1986 a Mexiko 3. Plaz
1990 an Italien net qualifizéiert
1994 an den USA net qualifizéiert
1998 a Frankräich Weltmeeschter
2002 a Südkorea/Japan Virronn
2006 an Däitschland 2. Plaz
2010 a Südafrika Virronn

Auszeechnungen/Titel

änneren

Aktuelle Kader

änneren
  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Gol:

Ofwier:

Mëttelfeld:

Ugrëff:

Nationaltrainer

änneren

Vun 1904 (1. offizielle Lännermatch) bis 1919 (Grënnung vum Daachverband FFF) gouf d'Nationalekipp vum Comité Français Interfédéral opgestallt. Gemeinsamen Training vun den Nationalspiller an domat d'Plaz vun engem Nationaltrainer waren zu där Zäit net nëmmen a Frankräich onbekannt. Vun 1919 bis 1964 gouf et zwar zäitweis Nationaltrainer am haitege Sënn, awer de Spill-Kader gouf fir all Lännermatch vun engem Selektiounskommitee vun der FFF festgeluecht, dee sech aus zwéin oder dräi "Techneschen Direkteren" zesummegesat huet an zu deenen zanter 1955 reegelméisseg och den eigentlechen Trainer gehéiert huet. Dowéinst gëtt den Nationaltrainer a Frankräich haut och nach als Selectionneur bezeechent.

Lëscht vun den Trainer

änneren

A Klameren hanner dem Numm ass ëmmer d'Zuel vun den offizielle Lännermatcher wärend senger Amtszäit uginn.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Franséisch Foussballnationalekipp – Biller, Videoen oder Audiodateien