Foussball-Weltmeeschterschaft
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Foussball-Weltmeeschterschafte vun de Männer. Fir d'Weltmeeschterschaft vun de Fraen, kuckt Fraefoussball-Weltmeeschterschaft. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Weltmeeschterschaft. |
D'Foussball-Weltmeeschterschaft (FIFA-Weltpokal) vun de Männer ass e Foussballturnéier tëscht Nationalekippen dat all véier Joer ofgehale gëtt. Organisateur ass de Weltfoussballverband FIFA. D'Veranstaltung ass nieft den Olympesche Spiller eent vun de bedeitendste Sportsevenementer vun der Welt.
Zanter 1991 ass och all véier Joer eng Foussball-Weltmeeschterschaft fir Dammen.
Geschicht
ännerenVirun 1930 kann een d'Turnéier wärend an spéider nieft den Olympesche Spiller als Virleefer bezeechnen. Spéitstens mat de Spiller 1928 war d'Wierkung vun engem internationale Foussballturnéier z'erkennen.
1863 gouf zu London d'Football Association gegrënnt an d'Zäit vum organiséierte Foussball hat domat ugefaangen. Zu dësem Zäitpunkt war de British Empire déi aflossräichst Natioun vun der Welt, et hat op der ganzer Welt seng Stëtzpunkten a brittesch Schëffer waren an all Hafen ze fannen.
Dat historescht Besonnescht war d'Grondlag fir d'weltwäit Verbreedung vun den englesche Foussballreegele bannent enger Generatioun. Déi éischt Matcher baussent de britteschen Insele goufen a Séihäfe vu brittesche Matrousen organiséiert.
Um Enn vum 19. Joerhonnert goufen an Europa an Amerika vill Nationalverbänn gegrënnt, wat d'Organisatioun vun internationale Rendez-vousen erméiglecht huet.
Dat éischt Spill tëscht Vertrieder vun nationale Verbänn war den 30.11.1872 zu London. (Schottland – England / Resultat: 0:0)
Den 21.05.1904 war e weidere Meilesteen an der Foussballgeschicht, dësen Dag gouf am franséische Verbandshaus d'FIFA gegrënnt an domat en nationaalt Denke verhënnert, trotzdeem sollt et nach vill Joerzéngten daueren, bis déi amerikanesch Verbänn e bedeitenden Afloss op déi vun den europäesche Verbänn influenzéiert Politik vun der FIFA kruten.
Turnéier a Weltmeeschter
ännerenAuszeechnungen
ännerenUm Enn vun all Weltmeeschterschaft gi méi Auszeechnunge u Spiller an Teams verginn, déi sech vum Rescht beim Betruechte vun verschiddenen Aspekter bemierkbar gemaach hunn.
Aktuell gëtt et fënnef verschidden Auszeechnungen:
- den Adidas Gëllene Schong fir de Spiller deen déi meescht Goler geschoss huet;
- den Adidas Gëllene Ball fir de beschte Spiller;
- d'Lev Yashin-Trophäe fir de beschte Golkipp;
- den FIFA Fair Play Award fir dat fairsten Team;
- d'Ekipp mat der beschter Ënnerhalung vun der WM
Adidas Gëllene Schong
ännerenDe Gëllene Schong gëtt dem beschten Torschütze vun enger WM-Ennronn iwwerreecht. Fir d'éischt ass dës Auszeechnung bei der WM 1982 vergi ginn.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Adidas Gëllene Ball
ännerenDe Gëllene Ball ass eng Auszeechnung, déi un de beschte Spiller vun enger WM-Ennronn vergi gëtt. D'FIFA nominéiert dofir zéng Spiller, aus deenen dann d'Medienreprésentante wiele kënnen. De Spiller mat de meeschte Stëmme kritt dann de Gëllene Ball iwwerreecht, de Spiller mat den zweetmeeschte Stëmme gewënnt de Sëlwere Ball an den drëttplacéierte gewënnt de Bronzene Ball. Bis elo hunn ëmmer Spiller aus dräi ënnerschiddlechen Natiounen déi dräi éischt Plaze beluecht.
Weltmeeschterschaft | Gëllene Ball | Sëlwere Ball | Bronzene Ball |
---|---|---|---|
1982 Spuenien | Paolo Rossi (Italien) |
Falcão (Brasilien) |
Karl-Heinz Rummenigge (BRD) |
1986 Mexiko | Diego Maradona (Argentinien) |
Harald Schumacher (BRD) |
Preben Elkjaer-Larsen (Dänemark) |
1990 Italien | Salvatore Schillaci (Italien) |
Lothar Matthäus (Däitschland) |
Diego Maradona (Argentinien) |
1994 USA | Romário (Brasilien) |
Roberto Baggio (Italien) |
Hristo Stoichkov (Bulgarien) |
1998 Frankräich | Ronaldo (Brasilien) |
Davor Suker (Kroatien) |
Lilian Thuram (Frankräich) |
2002 Südkorea/Japan | Oliver Kahn (Däitschland) |
Ronaldo (Brasilien) |
Hong Myung-Bo (Südkorea) |
Lev Yashin-Trophäe
ännerenD'Lev Yashin-Trophäe gëtt zanter 1994 un de beschte Golkipp vun enger WM-Ennronn verginn.
De Präis ass nom legendären russesche Golkipp Lew Iwanowitsch Jaschin benannt.
Weltmeeschterschaft | Lev Yashin-Trophäe Gewënner |
---|---|
1994 USA | Michel Preud'homme (Belsch) |
1998 Frankräich | Fabien Barthez (Frankräich) |
2002 Südkorea/Japan | Oliver Kahn (Däitschland) |
2006 Däitschland | Gianluigi Buffon (Italien) |
FIFA Fair Play Award
ännerenDe FIFA Fair Play Award gëtt dem fairsten Team vun der WM-Endronn verginn. Et goufen allerdéngs nëmmen Ekipp berücksichtigt, déi sech fir déi zweet Ronn qualifizéiere konnten.
Weltmeeschterschaft | FIFA-Fair-Play-Award-Gewënner |
---|---|
1978 Argentinien | Argentinien |
1982 Spanien | Brasilien |
1986 Mexiko | Brasilien |
1990 Italien | England |
1994 USA | Brasilien |
1998 Frankräich | England Frankräich |
2002 Südkorea/Japan | Belsch |
Ekipp mat der beschter Ënnerhalung
ännerenD'Auszeechnung vun der Ekipp mat der beschter Ënnerhalung geet un d'Ekipp, déi d'Publikum mat hirer Spillweis an hirem Optriede bei der WM-Ennronn am meeschten ameséiert huet. D'Entscheedung gëtt dobäi vun der Ëffentlechkeet getraff, déi bei der Ofstëmmung matmaache kann. Déi Auszeechnung gouf 1994 fir d'éischt Kéier verginn.
Weltmeeschterschaft | Ënnerhalsamst Ekipp |
---|---|
1994 USA | Brasilien |
1998 Frankräich | Frankräich |
2002 Südkorea/Japan | Südkorea |
Ranglëschten
ännerenRanglëscht vun de Weltmeeschter
änneren1. Brasilien - 1958, 1962, 1970, 1994, 2002 (5 Titelen)
2. Däitschland - 1954, 1974, 1990, 2014 (4 Titelen)
3. Italien - 1934, 1938, 1982, 2006 (4 Titelen)
4. Argentinien - 1978, 1986, 2022 (3 Titelen)
5. Frankräich - 1998, 2018 (2 Titelen)
6. Uruguay - 1930, 1950 (2 Titelen)
7. England - 1966 (1 Titel)
8. Spuenien - 2010 (1 Titel)
Ranglëscht vun de Vizeweltmeeschter
änneren1. Däitschland - 1966, 1982, 1986, 2002 (4x)
2. Holland - 1974, 1978, 2010 (3x)
3. Argentinien - 1930, 1990, 2014 (3x)
Brasilien - 1950, 1998 (2x)
Italien - 1970, 1994 (2x)
Tschechoslowakei - 1934, 1962 (2x)
Ungarn - 1938, 1954 (2x)
8. Schweden - 1958 (1x)
Frankräich - 2006 (1x)
Kroatien - 2018 (1x)
Ranglëscht vun den Halleffinalisten
änneren1. Däitschland (13x)
2. Brasilien (11x)
3. Italien (8x)
4. Argentinien,
Uruguay, Schweden, Frankräich (4x)
Ranglëscht vun de WM-Participatiounen
änneren1. Brasilien (19 Participatiounen)
2. Däitschland an Italien (17x)
4. Argentinien (15x)
5. Mexiko (14x)
6. England,
Frankräich,
Spuenien (13x)
9. Belsch, Schweden,
Uruguay (11x)
Ranglëscht mat de Länner mat de meeschten erziilte Goler bei enger WM
änneren1. Ungarn - 1954 (27 Goler a 5 Matcher; 5,4 pro Match)
2. Däitschland - 1954 (25 Goler a 6 Matcher; 4,2 pro Match)
3. Frankräich - 1958 (23 Goler a 6 Matcher; 3,8 pro Match)
4. Brasilien - 1950 (22 Goler a 6 Matcher; 3,7 pro Match)
5. Brasilien - 1970 (19 Goler a 6 Matcher; 3,2 pro Match)
Spiller mat de meeschte WM-Participatiounen
ännerenZwéi Spiller hunn u fënnef Weltmeeschterschaften deelgeholl:
- Antonio Carbajal (Mexiko) (5 Participatiounen - 1950 bis 1966)
- Lothar Matthäus (Däitschland) (5 Participatiounen - 1982 bis 1998)
Véierzéng Spiller hunn u véier Weltmeeschterschaften deelgeholl:
- Djalma Santos (Brasilien) (4 - 1954 bis 1966)
- Pelé (Brasilien) (4 - 1958 bis 1970)
- Karl-Heinz Schnellinger (Bundesrepublik Däitschland) (4 - 1958 bis 1970)
- Uwe Seeler (Bundesrepublik Däitschland) (4 - 1958 bis 1970)
- Gianni Rivera (Italien) (4 - 1962 bis 1974)
- Pedro Rocha (Uruguay) (4 - 1962 bis 1974)
- Wladyslaw Zmuda (Polen) (4 - 1974 bis 1986)
- Diego Maradona (Argentinien) (4 - 1982 bis 1994)
- Giuseppe Bergomi (Italien) (4 - 1982 bis 1990 und 1998)
- Enzo Scifo (Belsch) (4 - 1986 bis 1998)
- Franky van der Elst (Belsch) (4 - 1986 bis 1998)
- Andoni Zubizarreta (Spuenien) (4 - 1986 bis 1998)
- Paolo Maldini (Italien) (4 - 1990 bis 2002)
- Lew Jaschin (Sowjetunioun) (4 - 1958 bis 1970)
Ranglëscht vun de Spiller mat de meeschte WM-Matcher
änneren1. Lothar Matthäus (25 Matcher)
2. Paolo Maldini (23 Matcher)
3. Diego Maradona, Uwe Seeler, Wladyslaw Zmuda (21 Matcher)
6. Grzegorz Lato (20 Matcher)
7. Wolfgang Overath, Karl-Heinz Rummenigge, Berti Vogts (19 Matcher)
Ranglëscht vun de WM-Torschützen
änneren1. Gerd Müller (Däitschland) (14 Goler)
2. Just Fontaine (Frankräich) (13 Goler)
3. Pelé (Brasilien) (12 Goler)
Ronaldo (Brasilien) (12 Goler)
5. Sandor Kocsis (Ungarn) (11 Goler)
Jürgen Klinsmann (Bundesrepublik Däitschland) (11 Goler)
7. Helmut Rahn (Bundesrepublik Däitschland) (10 Goler)
Teofilo Cubillas (Peru) (10 Goler)
Grzegorz Lato (Polen) (10 Goler)
Gary Lineker (England) (10 Goler)
Gabriel Batistuta (Argentinien) (10 Goler)
Fakten
änneren- De jéngste Spiller bei enger WM: Norman Whiteside (Nordirland) am Alter vu 17 Joer bei der WM 1982
- De jéngste Spiller, dee bei enger WM e Gol geschoss huet: Pelé (Brasilien) am Alter vu 17 Joer bei der WM 1958
- De jéngste Spiller, dee Weltmeeschter ginn ass: Pelé (Brasilien) am Alter vu 17 Joer bei der WM 1958
- Den eelste Spiller, dee bei enger WM e Gol geschoss huet: Roger Milla (Kamerun) am Alter vun 42 Joer bei der WM 1994
- Déi éischt Rout Kaart: Carlos Caszely (Chile) bei der WM 1974
- Déi meescht Rout Kaarten: Rigobert Song (Kamerun) - zweemol bei 3 WM-Participatiounen
- Déi meescht Eelefmeter-Goler: Gabriel Batistuta, Eusebio a Rob Rensenbrink – 4 Goler
Kuckt och
änneren- Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 an Däitschland
Literatur
änneren- Bergmann, Winfried / Huba, Karl-Heinz / Mrazek, Karl-Heinz: Die Geschichte der Fussball - Weltmeisterschaft, Copress-Verlag, 1991, 208 Säiten (ISBN 3-7679-0311-3)
- Fuhr, Wolfgang: Fußballweltmeisterschaften, Agon-Verlag, Mee 2005 (ISBN 3-89784-265-3)
- Grüne, Hardy: Fußball WM Enzyklopädie 1930-2006, Agon-Verlag, Dez. 2002 (ISBN 3-89784-205-X)
- Hartmann, Waldemar / Netzer, Günter / Kauer, Robert: Menschen, Tore & Sensationen. Geschichte und Geschichten. WM 1930-2006, Wero Press, Juli 2002, 268 Säiten (ISBN 3-9806973-7-1)
- Schulze-Marmeling, Dietrich / Dahlkamp, Hubert: Die Geschichte der Fußball-Weltmeisterschaft 1930-2006, Die Werkstatt, Abrëll 2004, 560 Säiten (ISBN 3-89533-461-8)
Um Spaweck
änneren- Offiziell Websäit
- Natiounewäertung / Éiweg Tabell
- Geschicht vun de Foussballweltmeeschterschaften
- Portal fir d'WM 2006 - Infoen zu Stied, Stadien, Ekippen
- 2010 FIFA World Cup South Africa Infomation
Commons: FIFA World Cup – Biller, Videoen oder Audiodateien |