Op den Inhalt sprangen

Gemeng Wal

Vu Wikipedia
Wal
d'Märei vu Wal
An anere Sproochen fr: Wahl
de: Wahl
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Chef-lieu Wal
Buergermeeschter Christiane Thommes-Bach
Awunner 1.087
  1. Januar 2023
Fläch 1.974 ha
Héicht 448 m
Koordinaten 49° 50’ 09’’ N
      05° 54’ 20’’ O
LAU-Code LU0710
Websäit http://www.wahl.lu/
D'Gemeng Wal (orange)
am Kanton Réiden (rout)

D'Gemeng Wal ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Wal vun där se och hiren Numm huet.

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1]

Uertschaften

Lieu-diten

Geographie

Geschicht

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Fusiounspläng

2019 hunn d'Pläng vun enger Fusioun mat der Gemeng Groussbus ugefaangen. De 27. Juni 2021 gouf dofir an deenen zwou Gemengen e konsultative Referendum organiséiert[2]. Zu Wal hunn 62,25% vun de Wieler fir eng Fusioun gestëmmt (a 74,42% dofir zu Groussbus)[3],[4].

Déi nei Gemeng soll den Numm Gemeng Groussbus-Wal kréien a vum 1. September 2023 u funktionéieren, iwwerdeems de Gemengerot fir d'Fusiounsgemeng scho bei de Gemengewalen am Juni 2023 gewielt gëtt[5].

Entwécklung vun der Awunnerzuel

Quell:STATEC

Politik

Buergermeeschteren

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Perséinlechkeeten

  • Nicolas Grang (1854-1883), lëtzebuergeschen Offizéier an der belscher Arméi. Als Leitnant koum hien 1882 an de Kongo an huet ënner dem Henry Morton Stanley un der Eruewerung vum Héije Kongo deelgeholl.

Kuckeswäertes

Pompjeeën

Den Interventiounszentrum vun de Pompjeeë vun der Gemeng Wal ass Gréiwels.

Literatur

  • D'Geschicht vu Wahl, erausgi vum "Club des Jeunes Wahl", 1977

Interkommunal Syndikater

D'Gemeng Wal ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Wal – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Gekuckt de(n) 21.07.2020.
  2. John Lamberty: "2021: Grosbous und Wahl hoffen auf Ja-Wort der Bürger." wort.lu, 02.01.2021.
  3. Marc Hoscheid, Bürgersegen für Gemeindehochzeit, Luxemburger Wort 28.06.2021, S. 14
  4. Groussbus a Wal: Majoritéit vun de Wieler huet fir eng Fusioun gestëmmt. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-06-28.
  5. Definitives Ja zur Fusion zwischen Grosbous und Wahl. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe. wort.lu (04.03.2022). Gekuckt de(n) 04.03.2022.