Lëtzebuergesch Auswanderung
D'Lëtzebuergesch Auswanderung ass e wichtegt, vill kommentéiert Kapitel vun der lëtzebuergescher Geschicht. Wann an der Zäit vill Lëtzebuerger an d'Ausland ausgewandert sinn, fir an der Friemt en neit Heem ze fannen, dann hat dat eng Rei Ursaachen, déi sech mat der Zäit geännert hunn.
De Joseph Hess huet bei der lëtzebuergescher Auswanderung tëschent véier Wellen ënnerscheet:[Source?]
- d'Auswanderung no Siebenbürgen, deemools am Kinnekräich Ungarn, haut a Rumänien, tëschent 1141 an 1161;
- d'Auswanderung an de Banat vun Temesvár, deemools éisträichesch, haut tëschent Rumänien a Serbien opgedeelt, an der zweeter Hallschent vum 18. Joerhonnert;
- d'Auswanderung no Nordamerika tëschent 1850 an 1900;
- d'Infiltratioun (dat ass den Ausdrock, deen hie gebraucht) vu Lëtzebuerger a Frankräich an an der Belsch. Kuckt dozou och den Artikel Lëtzebuerger am Kongo.
Aner Forme vun neizäitlecher Expatriatioun sinn zanterhier dobäikomm:
- d'Néierloossung am Ausland vu Lëtzebuerger Kënschtler an Intellektueller, déi do besser Méiglechkeete fir d'Ausübe vun hiren Aktivitéite fannen;
- d'Néierloossung am Ausland vu Lëtzebuerger, déi do bëllege Bauterrain fannen, deen se sech zu Lëtzebuerg net leeschte kënnen.
Auswanderung no Siwebiergen
D'Auswanderung no Transsylvanien am 12. Joerhonnert war breet gefächert, wat d'Hierkonft vun den Emigranten ugeet. Et ass nogewise ginn, datt vill Emigrante virdrun am Muselraum doheem waren. Si si matgerass ginn an hu sech enger Bewegung, déi vun iwwerall koum, einfach ugeschloss. De Vergläich vun de Flouernimm confirméiert d'Originne vun Emigranten aus eisem Raum. Datselwecht gëllt och fir d'Dialekter déi an Transsylvanien geschwat ginn, besonnesch zu Siwebiergen, an déi sech duerch d'Joerhonnerte gutt erhalen hunn an dem Lëtzebuergesche staark gläichen. Déi, déi d'Geleeënheet hate mat Siebenbürger op Lëtzebuergesch ze schwätzen, confirméieren dat: d'Verstännegung ass weiderhin onerwaart gutt.[1]
Auswanderung no Ungarn
D'Auswanderung vu Lëtzebuerger no Ungarn ass an zwou Wellen erfollegt:
- Eng éischt Well geet bis op 1720 zréck, wéi de Generol Claude Florimond de Mercy, deen aus Loutrenge koum a Gouverneur vum Banat war, versicht huet vun den Tierken dee Landstreech zréckzegewannen. Dat war de Grond, firwat hie versicht huet, déi Géigend mat Awunner aus Loutrengen a Lëtzebuerg ze besidelen. D'Tierken hunn him 1738-39 e Stréch duerch d'Rechnung gemaach, wéi si dëse Versuch vun Neibesidelung am Blutt erstéckt hunn.
- An enger zweeter Well, no 1748, gouf dunn de Versuch, fir Friemer aus Loutrengen a Lëtzebuerg an de Banat kommen ze loossen, erëm opgeholl. De Joseph Hess schwätzt vu 1.600 Lëtzebuerger Familljen, déi, ugelackelt vun aussergewéinleche Konditiounen, bis 1770 d'Land verlooss hu fir am ënneschten Deel vun Ungarn eng nei Heemecht ze sichen.
Auswanderung no Nordamerika
Ënner Lëtzebuerger Nordamerikaner versteet een d'Amerikaner, déi zwar d'amerikanesch Nationalitéit hunn, mä vu lëtzebuergescher Ofstamung sinn.
Geschicht
Am 19. Joerhonnert ware ronn 50.000 Lëtzebuerger an d'Vereenegt Staate vun Amerika ausgewandert. Haut gëtt et, opgrond vun enger Vollekszielung déi op d'Joer 2000 zréckgeet, 45.139 amerikanesch Bierger déi uginn hunn, si hätte lëtzebuergesch Origine vun zwou oder vun enger Säit hier. Déi meescht liewen am Mëttelweste vun de Vereenegte Staate vun Amerika. Zueleméisseg gesäit dat an de Bundesstaate mat vill Lëtzebuerger Amerikaner folgendermoossen aus: 6.963 am Illinois, 6.580 am Wisconsin, 5.867 am Minnesota, 5.624 am Iowa an 2.824 a Californien.
Prominent Lëtzebuerger Nordamerikaner
Numm | Gebuer | Gestuerwen | Infoen |
---|---|---|---|
François Baasen | 1826 | 1849 | Éischte Staatsekretär Minnesota |
Peter William Bartholome | 1893 | 1982 | fréiere Bëschof vu St. Cloud, Minnesota |
James Bausch | 1906 | 1974 | Liichtathlet, Goldmedailegewënner op den Olympesche Spiller 1932 |
Bernard J. Cigrand | 1866 | 1932 | Zänndokter a Papp vum sougemannte Flag-Day |
Marie-José Deutsch | 1951 | Physikerin | |
John Ernest Dolibois | 1918 | President vun der Miami-Universitéit a fréieren amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg | |
Chris Evert | 1954 | Tennisspillerin | |
Red Faber | 1888 | 1976 | Baseballspiller |
Hugo Gernsback | 1884 | 1967 | Erfinder an Auteur vu Science-Fiction-Schrëften |
June Havoc | 1913 | 2010 | Schauspillerin a Dänzerin |
Dennis Hastert | 1942 | Republikanesch Partei, fréiere Spriecher vum United States House of Representatives Congress | |
Victorine Hinger | 1965 | Molerin a Sculptrice | |
Paul O. Husting | 1866 | 1917 | Politiker, Demokratesch Partei, fréiere Member vum Senat fir de Wisconsin |
Richard F. Kneip | 1933 | 1987 | Politiker, Demokratesch Partei, fréiere Gouverneur vu South Dakota |
William J. Kroll | 1889 | 1973 | Ingenieur an Erfinder |
Paul Lauterbur | 1929 | 2007 | Chemiker, mam Nobelpräis fir Medezin ausgezeechent |
John Lawrence May | 1922 | 1994 | fréieren Äerzbëschof vu St. Louis |
Nicholas Muller | 1836 | 1917 | fréiere Member vum amerikanesche Congress |
Jean Noerdinger | 1895 | 1963 | Moler |
Henry N. Prost | 1915 | 1994 | fréiere Bëschof vu Chicago |
Nicolas Saler | 1848 | 1884 | huet un der Lady Franklin Bay Expedition (1881-1884) deelgeholl. |
James Schwebach | 1847 | 1921 | fréiere Bëschof vun der Diözes vu La Crosse |
George Henry Speltz | 1912 | 2004 | fréiere Bëschof vu St. Cloud, Minnesota |
Edward Steichen | 1879 | 1973 | Fotograf, Moler |
Félicien Steichen | 1926 | 2011 | Dokter, Chirurg |
Sylvester William Treinen | 1917 | 1996 | fréiere Bëschof vu Boise |
Matthew Woll | 1880 | 1956 | Gewerkschaftler, fréiere Vizepresident vun der AFL-CIO |
Loretta Young | 1913 | 2000 | Schauspillerin als Best Actress mam Academy Award ausgezeechent |
Joseph P. Birren | 1864 | 1933 | Landschaftsmoler |
Auswanderung no Südamerika
Geschicht
Prominent Lëtzebuerger Südamerikaner
Infiltratioun vu Lëtzebuerger a Frankräich
Am Géigesaz zur Auswanderung vu Lëtzebuerger no Siebenbürgen, no Ungarn a no Amerika handelt et sech hei net ëm e kollektive Phenomen, mä ëm individuell Entscheedunge vu Persounen. déi aus perséinleche Grënn an d'Friemd gaange sinn, net fir liewenslaang, mä fir nëmmen eng bestëmmt Zäit do ze bleiwen.
Dat war de Fall bei deenen, déi am leschte Joerhonnert no Frankräich oder an d'Belsch fortgezu sinn, well se z. B. gemengt hunn, an der "douce France" kënnt e besser liewen, méi séier Geld verdéngen, fir dann no Lëtzebuerg zréckzekomme wann d'Ëmstänn et erlabe sollten. Dat war och de Fall bei de jonke Meedercher déi no Frankräich an den Déngscht gaange sinn, net nëmme fir Suen ze verdéngen, ier se sech bestuet hunn, mä och fir do eppes bäizeléieren.
Dorënner falen och d'Handwierker. Bis zum Éischte Weltkrich war et nämlech bei hinnen Usus, fir sech am Ausland ze perfektionnéieren. D'Wanderjore bei den Zammerleit, ier se sech fest etabléiert hunn, war een typeschen, awer keen eenzelne Fall. An deem Zesummenhang schreift de Joseph Hess:"Jusque vers 1900 il était rare qu'un artisan quelconque s'établit dans un de nos villages sans avoir fait son tour de France. Le Faubourg Saint-Antoine regorgeait de menuisiers et ébénistes luxembourgeois, pour le plus grand bien de nos intérieurs luxembourgeois,..."
Aner Forme vun neizäitlecher Expatriatioun
Lëtzebuerger Intellektueller a Kënschtler am Ausland
Schléisslech sollten d'Wëssenschaftler an d'Artisten ernimmt ginn, déi sech am Ausland néierloossen oder no hire Studien do bleiwen, aus der Iwwerzeegung, d'Land wier ze kleng, fir hinnen an hirer Spezialisatioun genuch Méiglechkeeten ze ginn. Vill vun hinnen hu reusséiert a souguer fäerdeg bruecht, international bekannt oder Universitéitsprofesser ze ginn; eng Chance, déi se zu Lëtzebuerg net gehat hätten. Hei e puer Beispiller:
- Affekoten a Kriminologen: Fäll wéi Armand Mergen;
- Architekten: Fäll wéi Léon Krier, Rob Krier;
- Dokteren: Fäll wéi Michel Mosinger, Félicien Steichen;
- Economisten: Fäll wéi Guy Kirsch, Jean-François Rischard;
- Forstwirtschaftler: Fäll wéi François Mergen;
- Geeschtlecher: Fäll wéi Nicolas Kinsch, Johann Schweisthal;
- Ingenieuren: Fäll wéi Eugène Ruppert;
- Journalisten: Fäll wéi Ernst Huberty;
- Moler: Fäll wéi Jean Noerdinger, Fernand Roda;
- Schauspiller: Fäll wéi René Deltgen, Germaine Damar;
- Schrëftsteller: Fäll wéi Norbert Jacques;
- Wëssenschaftler: Fäll wéi François Diederich (Chemiker), Michel Goedert (Biologist), Jean-Pierre Hansen (Physiker);
Neizäitlech Expatriatioun wéinst Immobiliespekulatioun
Literatur
- Am Zesummenhang mat Transylvanien
- Huss, Richard: Der Name der Siebenbürger Sachsen, Annuaire de la Soc. lux. d'études linguistiques et diallectologiques, Luxembourg, 1926
- Huss, Richard: Die geschichtliche Entwicklung der Urheimatforschung in Siebenbürgen und ihre Ausblicke,Jongheemecht, 3. Joergang, Heft 6, 7 an 8
- Am Zesummenhang mat Banat
- Sprunck, Alphonse: Prêtres luxembourgeois au Banat, Jongheemecht, Oktober 1935
- Sprunck, Alphonse: Un épisode de l'émigration lux. au Banat de Temesvar ,Jongheemecht, Joergang 10, Heft 10
- Am Zesummenhang mat Amerika ënner anerem
- Calteux, Georges, 2010. Unser Baum in Amerika. récré 25: 149-154.
- Gonner, Nicholas: Luxemburger in der Neuen Welt. Dubuque, Iowa: Drock vun der 'Luxemburger Gazette', 1889, xix-489 S. [S. 327-458: biographesch Motizen iwwer eminent lëtzebuergesch Emigranten no Amerika; dëst fundamentalt Wierk ass vum Jean ENSCH, Carlo Hury an Jean-Claude Muller an de Joren 1985-1987 nei opgeluecht gi an enger englecher Versioun ënner dem Titel: Luxembourgers in the New World nei verëffentlecht ginn, Éditions-Reliures Schortgen, 1986-1987.
- Krieps, Roger: Luxemburger in Amerika. Lux.: Bourg-Bourger, 1964, 320 S.
- MAGOCSI, Paul Robert: Luxembourgers, an: Harvard Encyclopedia of American Ethnic Groups. Cambridge & London: Harvard University Press, 1980, p. 687- 689, 1 carte.
- Muller, Jean-Claude: Luxembourg Local Histories dealing with emigration to the U.S. - Études d'histoire locale luxembourgeoise concernant l'émigration aux États-Unis, an: De Familiefuerscher. Luxembourg. 7 (1991)-26, S. 35-37
- Ensch, Jean: Index zur 'Luxemburger Gazette, an: GONNER: Die Luxemburger in der Neuen Welt. Neiausgab... Band 2, 1986 p.*1* - *682*.
- Freund, Hans Egon: Emigration Records from the German Eifel Region 1834-19 with major emphasis on those emigrants whose final destinations were Illinois, Wisconsin and Michigan. Crystal Lake, Illinois: McHenry County Illinois Genealogical Society, 1991, 84 S.
- Muller, Jean-Claude: Les Luxembourgeois au Nouveau Monde, an: Voilà Luxembourg. 2 (1992) -4, S. 140-153, ill. [Den Artikel besteet an franséischer, däitscher, enlecher a spuenescher Versioun].
- Nolden, Reiner (éd.): Alphabetischer Personennamenindex zu Josef MERGEN: Die Amerika-Auswanderung aus dem Regierungsbezirk Trier - Landkreis Trier, Saarburg, Prüm, Bernkastel, Bitburg, Wittlich,Stadtkreis Trier, Daun, Trier: Stadtarchiv, 1995, 411 S.
- Muller, Jean-Claude & NOLDEN, Reiner : Die Amerika-Auswanderung aus Deutschland an der 'Luxemburger Gazette' (1871-1918). an: Landeskundliche Vierteljahresblätter. Trier 42 (1996)-1, S. 29-49.
- Sprunck, Alphonse: Die luxemburgische Auswanderung nach den Vereinigten Staaten um die Mitte des vorigen Jahrhunderts, an: Luxemburger Marienkalender, Luxembourg. 67 (1948), S. 50-54
- Am Zesummenhang mat de Lëtzebuerger ronderëm d'Welt
- Reuter, Raymond: 100 Lëtzebuerger ronderëm d'Welt. Éditions Luxnews, ISBN 2-9599932-2-5
Kuckt och
- Lëtzebuerger Amerikaner (en)
- Mir wëllen net bleiwen (en Documentaire)
Um Spaweck
- Säit vun der Luxembourg-America Cultural Society (en)
- Mario Hirsch: De l'importance de la diaspora, D'Lëtzebuerger Land, 31. Oktober 2003
Referenzen
- ↑ Dës Thes ass haut widderluecht: Et sinn deemools just e puer Dausend Leit aus dem ganzen deemolegen Däitsche Räich a Siwebiergen "ausgewandert", dorënner der vläicht e puer vum Territoire vum haitege Lëtzebuerg. Well et deemools keng Nationalstaaten am moderne Sënn gouf, ass de Begrëff "lëtzebuergesch Auswanderung" staark iwwerstrapazéiert. Datselwecht bezitt sech op dat nächst Kapitel (Ungarn).