Maximilian Schell
Maximilian Schell | |
---|---|
am Joer 2006 | |
Gebuer |
8. Dezember 1930 Wien |
Gestuerwen |
1. Februar 2014 Innsbruck |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Schwäiz, Éisträich |
Educatioun |
Universitéit vu München, Universitéit Zürich, Universitéit vu Basel |
Aktivitéit | Filmregisseur, Filmproduzent, Autobiograph, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Regisseur |
Famill | |
Papp | Hermann Ferdinand Schell |
Mamm | Margarethe Noé von Nordberg |
Geschwëster | Carl Schell, Maria Schell, Immy Schell |
De Maximilian Schell, gebuer den 8. Dezember 1930 zu Wien, a gestuerwen den 1. Februar 2014 zu Innsbruck,[1] war en éisträichesch-Schwäizer Schauspiller, Filmregisseur a Filmproduzent.
De Maximilian Schell ass de Jong vum Hermann Ferdinand Schell, engem Schwäizer Schrëftsteller an der Margarethe Noé von Nordberg, enger Wiener Schauspillerin. Hien ass de Brudder vun de Schauspiller Maria Schell, Carl Schell an Immy Schell. Nom Uschloss vun Éisträich un dat nationalsozialistesch Däitschland am Joer 1938 ass d'Famill Schell an d'Schwäiz ausgewandert.
De Maximilian Schell ass zu Basel an Zürich opgewuess. Hien huet Philosophie, Konschtgeschicht a Germanistik studéiert.
Am Veräin vun de Grasshoppers Zürich huet hie Foussball gespillt.
Am Hierscht 1952 huet hie seng Schauspillercarrière am Basler Stadttheater ugefaangen. Am Joer 1955 huet hien a sengem éischte Film Kinder, Mütter und ein General als Schauspiller matgewierkt. 1970 hat hie säin Debut als Filmregisseur mam Film Erste Liebe.
De Maximilian Schell huet seng lescht Roll fir de Kino am Film Les brigands vun de lëtzebuergesche Regisseure Frank Hoffmann a Pol Cruchten gespillt.
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]vun 1955 bis 1959
[änneren | Quelltext änneren]- 1955: Kinder, Mütter und ein General, vum Laslo Benedek mam Hilde Krahl an Ewald Balser
- 1955: Der 20. Juli, vum Falk Harnack mam Wolfgang Preiss a Annemarie Düringer
- 1955: Reifende Jugend, vum Ulrich Erfurth mam Adelheid Seeck a Mathias Wieman
- 1956: Ein Mädchen aus Flandern, vum Helmut Käutner mam Nicole Berger a Viktor de Kowa
- 1956: Die Ehe des Dr. med. Danwitz, vum Arthur Maria Rabenalt mam Marianne Koch a Karlheinz Böhm
- 1956: Ein Herz kehrt heim, vum Eugen York mam Hans Nielsen a Maria Holst
- 1957: Die Letzten werden die Ersten sein, vum Rolf Hansen mam O.E. Hasse an Ulla Jacobsson
- 1957: Taxichauffeur Bänz, vum Werner Düggelin an Hermann Haller mam Elisabeth Barth a Emil Hegetschweiler
- 1958: The Young Lions, vum Edward Dmytryk mam Marlon Brando a Montgomery Clift
- 1958: Ein wunderbarer Sommer oder Kinder der Berge oder Das Glück auf der Alm, vum Georg Tressler mam Barbara Rütting an Heinrich Gretler
vun 1960 bis 1969
[änneren | Quelltext änneren]- 1961: Judgment at Nuremberg, vum Stanley Kramer mam Spencer Tracy, Burt Lancaster a Marlene Dietrich
- 1962: Five Finger Exercise, vum Daniel Mann mam Rosalind Russell an Jack Hawkins
- 1962: The Reluctant Saint, vum Edward Dmytryk mam Ricardo Montalban a Lea Padovani
- 1962: I sequestrati di Altona, vum Vittorio De Sica mam Sophia Loren a Fredric March
- 1964: Topkapi, vum Jules Dassin mam Melina Mercouri a Peter Ustinov
- 1965: Return from the Ashes, vum J. Lee Thompson mam Samantha Eggar an Ingrid Thulin
- 1966: The Deadly Affair, vum Sidney Lumet mam James Mason a Simone Signoret
- 1967: Counterpoint, vum Ralph Nelson mam Charlton Heston an Anton Diffring
- 1968: Das Schloß, vum Rudolf Noelte mam Cordula Trantow an Helmut Qualtinger
- 1968: The Desperate Ones, vum Alexander Ramati mam Irene Papas a Raf Vallone
- 1969: Simon Bolivar, vum Alessandro Blasetti mam Rosanna Schiaffino a Francisco Rabal
- 1969: Krakatoa, East of Java, vum Bernard L. Kowalski mam Diane Baker a Sal Mineo
vun 1970 bis 1979
[änneren | Quelltext änneren]- 1970: Erste Liebe, vum Maximilian Schell mam John Moulder-Brown an Dominique Sanda
- 1972: Paulina 1880, vum Jean-Louis Bertuccelli mam Olga Karlatos a Michel Bouquet
- 1972: Pope Joan, vum Michael Anderson mam Liv Ullmann an Jeremy Kemp
- 1973: Der Fußgänger, vum Maximilian Schell mam Ruth Hausmeister a Lil Dagover
- 1974: The Rehearsal, vum Jules Dassin mam Melina Mercouri a Mikis Theodorakis
- 1974: The Odessa File, vum Ronald Neame mam Jon Voight a Maria Schell
- 1975: The Man in the Glass Booth, vum Arthur Hiller mam Lois Nettleton a Luther Adler
- 1977: Sarajevski atentat, vum Veljko Bulajic mam Christopher Plummer a Florinda Bolkan
- 1977: St. Yves, vum J. Lee Thompson mam Charles Bronson a Jacqueline Bisset
- 1977: Cross of Iron, vum Sam Peckinpah mam James Coburn, James Mason a Klaus Löwitsch
- 1977: A Bridge Too Far, vum Richard Attenborough mam Sean Connery, Gene Hackman a Michael Caine
- 1977: Julia, vum Fred Zinnemann mam Jane Fonda a Vanessa Redgrave
- 1979: Players, vum Anthony Harvey mam Ali MacGraw
- 1979: Avalanche Express, vum Mark Robson mam Lee Marvin a Robert Shaw
- 1979: Geschichten aus dem Wiener Wald, vum Maximilian Schell mam Hanno Pöschl an Jane Tilden
- 1979: Amo non amo, vum Armenia Balducci mam Jacqueline Bisset a Terence Stamp
- 1979: The Black Hole, vum Gary Nelson mam Anthony Perkins an Yvette Mimieux
vun 1980 bis 1989
[änneren | Quelltext änneren]- 1981: The Chosen, vum Jeremy Kagan mam Rod Steiger
- 1983: Les îles, vum Iradj Azimi mam Marie Trintignant an Daniel Mesguich
- 1984: Morgen in Alabama, vum Norbert Kückelmann mam Lena Stolze a Wolfgang Kieling
- 1984: The Assisi Underground, vum Alexander Ramati mam Ben Cross an James Mason
- 1989: The Rosegarden, vum Fons Rademakers mam Liv Ullmann a Peter Fonda
vun 1990 bis 1999
[änneren | Quelltext änneren]- 1990: The Freshman, vum Andrew Bergman mam Marlon Brando a Matthew Broderick
- 1993: A Far Off Place, vum Mikael Salomon mam Reese Witherspoon
- 1993: Justiz, vum Hans W. Geissendörfer mam Anna Thalbach a Suzanne von Borsody
- 1994: Little Odessa, vum James Gray mam Tim Roth a Vanessa Redgrave
- 1997: Telling Lies in America, vum Guy Ferland mam Kevin Bacon a Calista Flockhart
- 1997: The Eighteenth Angel, vum William Bindley mam Christopher McDonald
- 1997: Through Roses, vum Jürgen Flimm
- 1998: Left Luggage, vum Jeroen Krabbé mam Isabella Rossellini a Marianne Sägebrecht
- 1998: Vampires, vum John Carpenter mam James Woods an Daniel Baldwin
- 1998: Deep Impact, vum Mimi Leder mam Robert Duvall an Elijah Wood
- 1999: Wer liebt, dem wachsen Flügel, vum Gabriel Barylli mam Lisa Martinek a Gudrun Landgrebe
vun 2000 bis 2015
[änneren | Quelltext änneren]- 2000: I Love You, Baby, vum Nick Lyon mam Mark Keller a Burkhard Driest
- 2000: Fisimatenten, vum Jochen Kuhn mam Alexandra Maria Lara
- 2002: Festival in Cannes vum Henry Jaglom mam Anouk Aimée a Greta Scacchi
- 2006: Das Haus der schlafenden Schönen, vum Vadim Glowna mam Angela Winkler a Vadim Glowna
- 2008: The Brothers Bloom, vum Rian Johnson mam Rachel Weisz an Adrien Brody
- 2009: Flores negras, vum David Carreras mam Maria Grazia Cucinotta
- 2009: T.M.A., vum Juraj Herz
- 2015: Les brigands, vum Frank Hoffmann a Pol Cruchten
als Regisseur
[änneren | Quelltext änneren]- 1970: Erste Liebe
- 1974: Der Fußgänger
- 1975: Der Richter und sein Henker mam Jon Voight a Jacqueline Bisset
- 1979: Geschichten aus dem Wienerwald
- 1984: Marlene mam Marlene Dietrich (Dokumentarfilm)
- 2002: Meine Schwester Maria mam Maria Schell (Dokumentarfilm)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Maximilian Schell – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ "Schauspieler Maximilian Schell ist tot." op N24.de