Uhu
Uhu | |||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Uhu (Bubo bubo) | |||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||
| |||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
Bubo bubo (Linnaeus, 1758) |
Den Uhu (Bubo bubo) ass eng Vullenaart aus der Gattung vun den Uhuen (Bubo), déi zu der Uerdnung vun den Eilen (Strigiformes) gehéiert.
Numm
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm „Uhu“ ass eng Onomatopee a geet op de Balzruff vum Déier zeréck.
Lokalvarianten am Lëtzebuergesche sinn[1]: Uhub, Hubb, Hubo, Hugo, Schuhu, Juhu, grouss Huereil a grouss Hueréchel.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]Den Uhu ass déi gréisst rezent Eilenaart op der Äerd. D'Weibercher sinn e gutt Stéck méi grouss wéi d'Männercher. Wat een an Europa méi vu Südwesten no Nordoste geet, wat, d'Uhue méi grouss ginn. De Kapp ass grouss an huet opfälleg laang Plommenoueren, déi normalerweis schif no ënnen oder no der Säit ewechstinn. Am Gesiicht huet den Uhu deen typesche Gesiichtsschleier. A Mëtteleuropa sinn d'Fiedere vum Kierper hellbrong mat donkelbronge Sträifen. De Réck ass méi donkel wéi de Bauch an d'Flilleken ënnendrënner méi hell wéi uewendrop.
Uhue liewen an Nordafrika, Europa an Asien. An Europa gëtt et en net an Nordfrankräich, op de britteschen Inselen an op Island. Et gëtt geschat, datt et an Europa eng 2000 Uhuskoppele gëtt.
Ufanks Mäerz leet d'Uhu-Weibchen zwee bis dräi Eeër. Déi Kleng kommen no ronn 34 Deeg op d'Welt. No 6 Deeg kann den Nowuess op de Feeschte stoen, eréischt no 3 Wochen op hire Féiss. Mat 8 Wochen traue se sech dann un hir éischt Fluchübungen erun. Déi Kleng gi 5 Méint laang gefiddert, duerno musse si selwer kucke fir hiert Friessen ze fannen. Nëmmen 3 vun 10 jonken Uhuen iwwerliewen dat éischt Liewensjoer; vill vun hinne ginn Affer vu Stroumleitungen oder vum Verkéier. A fräier Natur kënnen d'Uhue bis zu 30 Joer al ginn, a Gefaangenschaft souguer duebel sou al.[2]
Kascht
[änneren | Quelltext änneren]Den Uhu ass e Raubvull an erniert sech vun Déieren, déi e fänkt an doutmécht. Dat ass sou zimmlech alles, wat e meeschter gëtt: all méiglech Vigel, Knabberdéieren (Raten, Mais, Kaweechelcher,...), Kannéngercher, Fiiss, Marderen, asw. Wann e soss näischt fënnt erniert e sech och vun Déieren, déi schonn dout sinn.
Ënneraarten
[änneren | Quelltext änneren]- B. b. bubo: Europa vun de Pyrenäen bis an Nordwest-Russland (Pechora-Floss) an d'Ukrain.
- B. b. hispanus: Ibeeresch Hallefinsel, Bëscher am Atlas an Nordafrika.
- B. b. ruthenus: ëstlech vun der Linn déi sech vum Floss Pechora iwwer Moskau bis do wou d'Wolga an d'Kaspescht Mier leeft, a weider bis Westsibirien zitt.
- B. b. interpositus: Moldawien, Stepperegioune vun der Ukrain mat Krim, Kaukasus, Klengasien, Nordwest-Iran, Nord-Irak, Syrien a Palestina.
- B. b. sibiricus: West-Sibirien a Baschkortostan bis bei de Mëttelen Ob an d'West-Altai-Bierger. No Norden hi bis un de Bord vun der Taiga.
- B. b. yenisseensis: Zentral-Sibirien bis un den nërdleche Bord vun der Taiga.
- B. b. jakutensis: Nordost-Sibirien bis un den nërdleche Bord vun der Taiga.
- B. b. ussuriensis: Südost-Sibirien, Nordchina, Sachalin an déi südlech Kurilen.
- B. b. turcomonus: Ëstlech vun der Wolga bis an d'Westmongolei. Nërdlech bis un den Ural südlech bis bei d'Kaspescht Mier mat dobäi dem Turim-Déifland (Mëttelasien).
- B. b. omissus: Turkmenien, Nordost-Iran bis Westchina.
- B. b. nikolskii: Südirak, West-Iran bis Pakistan.
- B. b. hemachalana: Westchina mam Tibet an Afghanistan.
- B. b. kiautschensis: Korea an Nord-China bis bei d'Provënze Yunan a Sichuan.
- B. b. swinhoei: Südostchina.
Säi Koseng an Amerika ass den Amerikaneschen Uhu (Bubo virginianus)
Den Uhu zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Um Ufank vum 20. Joerhonnert konnt een zu Lëtzebuerg den Uhu nach an der Géigend vu Rolleng (Miersch), Mariendall, Marscherwald a Kautebaach fannen. 1928 soll hien nach am Ourdall an an der Veianer Géigend gebréit hunn, duerno war den Uhu zu Lëtzebuerg als Brutvugel ausgestuerwen.[3]
An de 1970er Jore sinn erëm vereenzelt Uhuen am Land gesi ginn. 1982 huet dann nees fir d'éischt zanter Joerzéngten eng Koppel am Land gebréit, an zwar am Südosten,[4] an der Géigend vun Duelem. Zanterhier ass den Uhu op en Neits fest zu Lëtzebuerg installéiert (15-20 Koppelen am Joer 2007; 20-22 Koppelen am Joer 2022).[5],[2]
2022 gouf den Uhu zum Vull vum Joer ernannt.[2]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Aebischer, A.: Eulen und Käuze. Haupt, Bern 2008, ISBN 978-3-258-07276-0
- Dahlbeck, L.: Der Uhu Bubo bubo (L.) in Deutschland. Shacker, Aachen 2003,ISBN 3-8322-1444-5
- Nicolai, J.: Greifvögel und Eulen. Kompaß Naturführer. Gräfe und Unzer, München 1987, ISBN 3-7742-3805-7
- Glutz von Blotzheim, U.N. (Hrsg.): Handbuch der Vögel Mitteleuropas. Bd. 9. Columbiformes – Piciformes. Aula, Wiesbaden 1994 (2.Aufl.), ISBN 3-89104-562-X
- Hölzinger, J. & U. Mahler: Die Vögel Baden-Württembergs. Bd. 3. Nicht-Singvögel. Ulmer, Stuttgart 2001, ISBN 3-8001-3908-1
- Bauer, H.G. & P. Berthold: Die Brutvögel Mitteleuropas. Bestand und Gefährdung. Aula, Wiesbaden 1997, ISBN 3-89104-613-8
- König, C., F. Weick & J.H. Becking: Owls - A Guide to the Owls of the World. Pica Press, Sussex 1999, ISBN 1-873403-74-7
- Leditznig, C.: Zur Ökologie einer Uhupopulation im Südwesten NÖ's. Diss. Univ. Bodenkultur, Wien, 203 pp
- Lindner, M.: Reproduktion des Uhus (Bubo bubo) in stillgelegten und betriebenen Steinbrüchen im Sauerland. Artenschutzreport 17, 2005: 15-19
- Mebs, T.: Eulen und Käuze. Alle europäischen Eulen und Käuze. Franckh-Kosmos, Stuttgart 1987, ISBN 3-440-05708-9
- Mebs, T. & W. Scherzinger: Die Eulen Europas. Franckh-Kosmos, Stuttgart 2000, ISBN 3-440-07069-7
- Piechocki, R.: Der Uhu. Neue Brehm-Bücherei 108, A. Ziemsen, Wittenberg 1985, ISBN 3-89432-421-X
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Uhu (Bubo bubo) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ Klees, H. (1981): Luxemburger Tiernamen (inbegriffen, in 2. Auflage, die 'Luxemburger Vogelnamen' von Henri Rinnen). Luxemburg (= Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV): 56.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 "Den Uhu ass de Vull vum Joer 2022." rtl.lu, 23.02.2022.
- ↑ Massard, J.A. & G. Geimer (1993): Initiation à l'écologie. Principes généraux de l'écologie et notions sur le milieu naturel luxembourgeois ainsi que sur les problèmes de l'environnement au Grand-Duché de Luxembourg. 2e édition. Luxembourg, Ministère de l'Education nationale, S. 135 (Le Hibou grand-duc).
- ↑ Schmitz, J.P. (1982): Erste sichere Uhubrut seit 1904 in Luxemburg. Regulus, 1982 (4): 200-201.
- ↑ Lorgé, P. & T. Conzemius (2007): Der Uhu Bubo bubo in Luxemburg. Regulus Wissenschaftliche Berichte, 22: 36-41.