(2867) Šteins
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,3634 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,1463 |
Sideresch Ëmlafzäit | 3 a 231 d |
Mëttel Bunnvitess | 19,37 km/s |
Inklinatioun | 9,9431 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 6,67 × 5,81 × 4,47 km[1] |
Rotatiounsperiod | 6,049 h |
Albedo | 0,45 ± 0,01 |
Absolut Hellegkeet | 12,90M |
Spektralklass | E |
Entdeckung | |
Entdecker | Nikolai Stepanowitsch Tschernych |
Entdeckungsdatum | 4. November 1969 |
Plaz | Krim-Observatoire |
Aner Bezeechnungen | 1969 VC, 1954 GL, 1979 FJ4 |
Den (2867) Šteins ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture a gouf 1969 vum sowjeteschen Astronom Nikolai Stepanowitsch Tschernych entdeckt a vun him nom lettesch-sowjeteschen Astronom Kārlis Šteins genannt. D'Form vum Asteroid ass verzunn, d. h. säin Duerchmiesser läit tëscht 4,5 a 6,7 Kilometer. Seng Rotatiounsdauer ass sechs Stonnen an dräi Minutten.
De 5. September 2008 ass d'Raumsond Rosetta op enger Distanz vun 800 Kilometer laanscht den Asteroid Šteins geflunn. Et war deen éischte Laanschtfluch vun enger Raumsond bei engem Asteroid vum Typ E.
Duerch déi héich Porositéit vu 40 %, wéi och duerch d'Form, gëtt ugeholl datt et sech beim (2867) Šteins net ëm en eenzege, kohärente Fielsblock handelt, mä vill méi ëm d'Usammlung vu groussen eenzele Brochstécker[2],[3].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ H. U. Keller et al.: E-Type Asteroid (2867) Steins as Imaged by OSIRIS on Board Rosetta, in: Science, Bd. 327, 8. Januar 2010, S. 190–193
- ↑ Pressemitteilung der Max-Planck-Gesellschaft gekuckt den 10. Februar 2015
- ↑ Bild vum Asteroid