Achernar (Stär)
Ausgesinn
Achernar | |
Aner Nimm oder Katalognummeren | |
Stärebild: | Eridanus; Eri |
Bayer-Buschtaf: | α |
Bright Star Catalogue: | HR 472 |
Henry-Draper-Katalog: | HD 10144 |
SAO-Katalog: | SAO 232481 |
Den Achernar, α Eridani, ass den hellste Stär am Stärebild Eridanus an ee vun den 10 hellste Stären um Himmel. Hien ass sou wäit südlech, datt hie vun Europa aus net ze gesinn ass.
Den Numm staamt aus dem Arabeschen a bedeit "D'Enn vum Floss".
Hie gouf 2003 vum Very Large Telescope Interferometer (VLTI) observéiert, woubäi sech gewisen huet, datt hien duerch seng séier Rotatiounsvitesse vun op d'mannst 230 km/s staark ofgeplatt ass. De geneeë Wäert vun der Rotatiounsvitesse hänkt vun der onbekannter Ausriichtung vun der Rotatiounsachs of. Säin Equatorduerchmiesser ass op d'mannst dat annerhalleffacht vum Duerchmiesser op de Polen.
Daten
[änneren | Quelltext änneren]- Visuell Magnitude: 0,58m
- Absolut Hellegkeet: -1,3m
- Rektaszensioun (Equinoxe 2000.0): 1h37m42.90s
- Deklinatioun (Equinoxe 2000.0): -57°14'12.0"
- Spektralklass: B3Vpe (peculiar, emission)
- Distanz: 144 Liichtjoer
- Duerchmiesser: 6,3x Sonn (8.769.600 Kilometer)
- Liichtkraaft: 3.000x Sonn
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) https://web.archive.org/web/20061007165607/http://www.eso.org/outreach/press-rel/pr-2003/pr-14-03.html ESO press release: Flattest star ever seen