Alphonse Laveran
Alphonse Laveran | |
---|---|
Gebuer |
18. Juni 1845 Paräis |
Gestuerwen |
18. Mee 1922 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Lycée Louis-le-Grand |
Aktivitéit | Botaniker, Fuerscher |
Member vun | Royal Society, Académie des sciences, Académie nationale de médecine |
De Charles Louis Alphonse Laveran, gebuer den 18. Juni 1845 zu Paräis, an och do den 18. Mee 1922 gestuerwen, war e franséische Medezinner.
De Laveran huet sech, no senger Zäit als Militärdokter, mat der Tropekrankheet Malaria an hiren Agent-déclencheure beschäftegt. An Algerien konnt hien 1880 fir d'éischt Kéier am Blutt vu Patienten d'Erreeger isoléieren a beschreiwen.
Spéiderhin huet hie mat villen anere Fuerscher iwwer aner Krankheetserreeger gefuerscht, virun allem iwwer Trypanosomen: fir d'éischt iwwer déi vun Déieren, dono och iwwer déi, déi Krankheete beim Mënsch ausléisen, wéi d'Nagana-, d'Surra- a virun allem och d'Schlofkrankheet.
Hie krut 1907 den Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin fir seng Aarbecht unz'erkennen "iwwer d'Roll, déi Eenzeller (Protozoen) als Krankheetserreeger spillen."
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]- Trypanosomes et Trypanosomiases: avec 61 Fig. et 1 Planche. - Paris: Masson, 1904. Digital
- Weider digitaliséiert Wierker vum Laveran - Uni Stroosbuerg
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Charles Louis Alphonse Laveran – Biller, Videoen oder Audiodateien |