Antarktis
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der geographescher Zon ëm de Südpol. Fir de südlechste Kontinent op der Äerd, kuckt wgl. Antarktika. |
D'Antarktis (vum Algriicheschen ἀνταρκτικός antarktikos, iwwersat „géigeniwwer vun der Arktis“) ass eng geographesch Zon ëm de Südpol, déi engersäits d'Land- a Mieresgebidder, also graff gesinn, de Kontinent Antarktika, an anersäits den Antarkteschen Ozean (Südpolarmier) ëmfaasst. D'Antarktis ass domat ee vun de zwéi Polargebidder.
Vun 1820 un ass d'Antarktis vu verschiddene Séifuerer a Fuerscher befuer an ënnersicht ginn. Si ass den Antipod vun der Arktis, déi op der Nordhallefkugel iwwer dem Nordpol läit.
1959 goufen am Antarktika-Traité Reegele fir eng friddlech Notzung a Fuerschung vun der Regioun opgestallt. Zënterhier gëllt d'Antarktis als dat gréisst Naturschutzgebitt vun der Welt.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Als geographesch-astronomesch Zon gëtt d'Antarktis duerch de südleche Polarkrees begrenzt a geet domat vum Südpol bis op 66° 33' südlecher Breet. Als ozeanographesch Grenz gëllt d'Antarktesch Konvergenz bei ronn 50 ° südlecher Breet, wou dat kaalt antarktescht Uewerflächewaasser ënner dat méi waarmt subtropescht erofgeet. D'Zon tëscht 50 ° Süd an dem Polarkrees gëtt och subantarktesch genannt.
D'Antarktis huet, vu 66,6° südlecher Breet aus bis op de Südpol, eng Fläch vun 21,2 Millioune Quadratkilometer; vu 50 ° südlecher Breet aus sinn et 52 Millioune km², wouvun de gréissten Deel Ozean ass.
Déi am nooste geleeë Landmasse sinn: Feierland op der südlecher Spëtzt vu Südamerika, de Kap Agulhas a Südafrika grad ewéi d'Inselen Tasmanien an Neiséiland.
-
D'Antarktis mat Südamerika…
-
… Afrika
-
an Australien.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Antarktis – Biller, Videoen oder Audiodateien |