Astronomische Gesellschaft
D'Astronomische Gesellschaft (A.G.) ass eng vun den eelste wëssenschaftleche Gruppéierungen an Europa.
Si gouf am Joer 1800 als Vereinigte Astronomische Gesellschaft vun zwéi bedeitenden däitschen Astronome gegrënnt, dem Direkter vum Observatoire vu Gotha, dem Franz Xaver von Zach (1754 - 1832) – op deen och déi éischt Fachzäitschrëft mam Numm Monatliche Correspondenz zeréckgeet - an dem Bremer Äerdmound-Spezialist Johann Hieronymus Schröter (1745 - 1816). D'Astronomesch Gesellschaft organiséiert zanter 1800 den zweeten internationale Kongress fir Astronomie a war Pätter vun der „Himmelspolizey“ vu 24 europäeschen Observatoiren, déi d'Sich no Asteroiden tëscht der Mars- an der Jupiterbunn duerchféiere sollt.
Ëm de Joerhonnertwiessel initiéiert d'A.G. de wichtegste Stärekatalog vun dëser Zäit, den AGK. Hie gouf ëm 1930 als AGK2 mat neien Date vun der Astrometrie an ënner preziser Berécksichtegung vun den Eegebeweegunge weidergefouert an ass als AGK3 bis haut eng bedeitend Datebasis fir d'Astronomie, d'Himmelsmechanik an d'Bunnbestëmmungen.
D'Astronomesch Gesellschaft vergëtt follgend Präisser:
- Karl-Schwarzschild-Medail,
- Ludwig-Biermann-Ënnerstëtzungspräis,
- Bruno-H.-Bürgel-Präis,
- Hans-Ludwig-Neumann-Präis an den
- Hanno-a-Ruth-Roelin-Präis.