Bandikurat
Ausgesinn
Bandikuraten | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Bandicota bengalensis | |||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Bandicota „Gray“ 1873 | |||||||||||||||
Aarten | |||||||||||||||
D'Bandikurate si Raten a Südostasien. Si kënne bis 60 cm laang ginn, a bis 1,5 Kilo schwéier. Um Réck si se hellgro, brong oder schwaarz an ënner dem Bauch knaschtegwäiss.
D'Bandikurate gruewen ënnerierdesch Schlëff, mat hire viischte Patten, déi grouss Krallen hunn. An dëse Bai, déi mateneen duerch Gäng verbonne sinn, sinn eng Schlofkummer an e puer Kummere fir Fudderreserven. De lassene Buedem gëtt aus dem Bau transportéiert an opgekéipt. Als Fudder sammele se Friichten, Kären a Knollen.
Si verloossen hire Bau prakresch nëmmen nuets, a wa se gestéiert ginn da gi se e schaarfen hellen Toun vu sech.
D'Bandikurate gehéieren a Südostasien zu de geféierlechsten a schiedlechste Knabberdéieren.
Zwou Aarte sinn Iwwerdréier vu Krankheeten:
- Déi eigentlech Bandikurat (Bandicota indica) iwwerdréit d'Leptospiros.
- D'Indesch Pescht- oder Maulefsrat (Bandicota bengalensis) ass andauernd vun der Pescht infizéiert.