Berserk (Manga)
Land | Japan |
---|---|
Sprooch | Japanesch |
Erauskomm | 1989 |
Auteur | Kentaro Miura |
Zeechnungen | Kentaro Miura |
Berserk (ベルセルク, Beruseruku) ass e Manga vum japanesche Mangaka Kentarō Miura (三浦 建太郎). 1989 koum Berserk fir d'éischt offiziell op de Maart. De Manga gehéiert zu der Kategorie vun de Seinen. Berserk gëtt no 30 Joer nach ëmmer vum Kentarō Miura produzéiert.[1] Zanter 2003 gëtt de Manga och fir den internationale Marché vun Dark Horse Manga publizéiert.[2] 2002 krut de Kentarō Miura fir de Manga Berserk den Osamu-Tezuka Kulturpräiss an der Kategorie fir Exzellenz.[3]
Handlung
[änneren | Quelltext änneren]Black Swordsman Arc:
[änneren | Quelltext änneren]En Eenzelgänger mat engem risege Schwäert mécht sech op de Wee an d'Duerf Koka. Hien ass op der Sich no den Apostelen, déi wëssen, wou sech d'God Hand ophält. Ënnerwee bréngt Hien e weiblecht Monster ëm. Soubal hien am Duerf ukënnt, leet sech de Schwäertkämpfer mat de lokale Banditten un. Ongewollt befreit hie sou eng Fee mam Numm Puck, déi zu engem vu sengen treie Begleeder gëtt. D'Fee nennt den onbekannte Kämpfer Guts. De Guts léisst just ee vun de Banditte liewen, fir datt deen dem Chef vum Duerf d'Noriicht ka bréngen, datt de Black Swordsman no him sicht. Nodeems de Snake Lord, ee vun den Apostelen, gewuer gëtt, datt de Guts am Duerf ass, mécht e sech op de Wee fir de Guts ze konfrontéieren. Ënnerwee brennt hien d'Duerf nidder. De Guts stellt sech dem Dämon an de Wee a ka géint e gewannen. Hien interrogéiert de Snake Lord fir gewuer ze ginn wou d'God Hand ass. Dono iwwerléisst de Guts den Dämon de Flame vum brennenden Duerf. Méi spéit konfrontéiert de Guts de Count, en aneren Apostel. Eng Grupp Garden, ënnert dem Kommando vum Zondark, verfollegen de Guts. Hie flücht zesumme mat engem Mann, dem Vargas, an e Labo. De Vargas zielt dem Guts vun engem geheime Gank fir an dem Count säi Schlass. Hie gëtt dem Guts och e Beherit, en dämonescht Artefakt, dat hie viru 7 Joer vum Count geklaut hat. Kuerz dono ginn de Guts an de Vargas erëm vum Zondark ugegraff, déi zwéi kënnen awer erëm flüchten. De Vargas gëtt méi spéit gefaange geholl a vum Count exekutéiert. De Guts schwiert doropshin, dem Vargas säi Plang ëmzesetzen a sech duerch de geheime Gank an d'Buerg ze schläichen. Um Wee fir bei de Count kämpft hien eng weider Kéier géint de Zondark a kann dëse besäitegen. De Count verwandelt sech an en Dämon. Mat Hëllef vum Puck kann de Guts dem Count säi Meedchen, d'Theresia, als Geisel huelen. De Guts notzt d'Oflenkung, fir den Dämon schwéier ze blesséieren. Dëse notzt de Beherit fir d'God Hand ze beschwieren. De Femto, e Member vun de God Hand, daucht op an de Guts gëtt kloer rosen. De Femto wiert dem Guts seng Attacke mat Liichtegkeet of a verlaangt dem Count seng Duechter als Sacrifice. De Count kënnt dëser Demande awer net no a gëtt dofir an d'Hell gezunn. De Guts ka sech befreien a verhënnert mat engem Schoss aus senger Aarmwaff, datt hien och an d'Hell gezu gëtt. Zeréck and der reeller Welt rett de Guts d'Theresia virum Suicide. Dem Count seng Duechter gëtt dem Guts d'Schold um Doud vu sengem Papp a schwiert Revange. De Guts geet senger Wee...[4]
Golden Age Arc:
[änneren | Quelltext änneren]De Golden Age Arc ass zäitlech virum Black Swordsman Arc situéiert. An dësem Deel vun der Geschicht gëtt erzielt, wéi de Guts zum Black Swordsman gëtt. D'Geschicht ass ganz stark vum europäesche Mëttelalter inspiréiert. Zanter ronn 100 Joer bekriche sech d'Kinnekräich Midland an d'Tudor Imperium. De Guts besäitegt an enger Schluecht e renomméierte Kämpfer mam Numm Bazuso. De Griffith, de Leader vun enger Sëldnerband, gëtt sou op de Schwäertkämpfer opmierksam. De Griffith fuerdert de Guts zu engem Duell eraus. Wann de Guts verléiert, muss hien der Band of the Falcon, dem Griffith senger Sëldnerband, bäitrieden.
De Griffith bezwéngt de Guts an d'Geschicht hëlt hire Laf. Dräi Joer laang kämpft de Guts fir d'Band of the Hawk. D'Sëldnerband gewënnt hir Schluechten an duerch hir Renommee gëtt de Kinnek vu Midland op d'Band opmierksam. Hien engagéiert d'Band of the Hawk fir op senger Säit ze kämpfen. Wéi de Griffith a seng Band eng Festung belageren treffe si op de Zodd. De Zodd ass e legendäre Schwäertkämpfer, deen als onstierflech gëlt. De Guts kann dëse blesséieren an de Zodd weist sech dorops hin a senger richteger Dämoneform. De Zodd léisst si awer liewen nodeems hien dem Griffith säi Beherit gesäit. D'Band of the Hawk kann d'Festung Doldrey zeréckerueweren. Dëst ass d'Enn vum Honnertjärege Krich.
De Guts ass onzefridden, dem Griffith sengen Dreem nozelafen. An engem weideren Duell tëschent deenen zwéi kann de Guts sech duerchsetzen a geet senger Wee fir seng eegen Dreem ze verfollegen. De Griffith gëtt net fäerdeg domat, säi beschter Kämpfer verluer ze hunn a verléiert de Verstand. Hie schläicht sech an der Prinzessin Charlotte vu Midland hiert Zëmmer a schléift mam adelege Meedchen. Den Dag dono gëtt hie festgeholl an zu engem Joer Folter verurteelt. D'Band of the Hawk gëtt als Staatsfeinde verbannt. E Joer méi spéit gëtt de Guts gewuer wat geschitt ass a schléisst sech nees der Band of the Hawk un.
D'Sëldnerband befreit de Griffith, an d'Prinzessin Charlotte decidéiert mat hinnen ze goen. Verfollegt vun enger Band vu Mäerder muss d'Grupp d'Prinzessin zeréckloossen. Obwuel d'Prinzessin hire Papp dorëms biet, de Griffith a seng Band goen ze loossen, schéckt deen d'Black Dog Guards, ënner dem Kommando vum Wyald, fir s'all ze ermuerden. An enger eepescher Schluecht kann de Guts de Wyald bezwéngen, mee brécht säi Schwäert dobäi. De Wyald kann de Griffith festhuelen. De Griffith benotzt doropshi säi Beherit a kritt nei Liewensenergie. Doduerch gëtt déi fënneft Eklips lancéiert an de Griffith trëtt der God Hand als leschte Member, ënnert dem Numm Femto, bäi. Nëmmen d'Casca, e Member vun der Band of the Hawk, dat eng Romanz mam Guts huet, an de Guts selwer kënnen den Event[onkloer] iwwerliewen. De Guts verléiert een Aarm an een A. D'Casca gëtt wärend der Eklips vum Femto vergewaltegt. De Guts schwiert, d'God Hand ze vernichten. Vun engem Schmadd, dem Godot, kritt hien en neit Schwäert, mam Numm Dragon Slayer, gemaach. De Godot mécht him och eng Rüstung, d'Berserk Armor, an installéiert him eng Aarmprothees mat enger Kanoun. De Guts mécht sech dono op de Wee fir seng Revanch an nennt sech ewell de Black Swordsman… [5]
Conviction Arc:
[änneren | Quelltext änneren]De Conviction Arc erzielt d'Geschicht direkt nom Black Swordsman Arc weider. De Guts an d'Puck treffen op eng Grupp Banditten, déi e Meedchen, d'Jill, gefaangen halen. D'Banditte lafe virun engem Bam fort, dee vu béise Geeschter besiess ass. De Guts kämpft bis moies fréi mam Bam-Monster. D'Jill bréngt de Guts an d'Puck dono a säin Duerf. Vun den Duerfbewunner gi si vun engem mysteriéisen niwwelegen Dall, vun Attacken op d'Duerf a Kanner, déi vun Elfen entfouert ginn, gewuer. Kuerz drop gräifen d'Elfen d'Duerf un. Wärend de Guts mat den Elfe kämpft, fënnt d'Puck eraus, datt d'Elfe selwer déi entfouert Kanner sinn.
Nodeems d'Elfe sech abrupt zeréckgezunn hunn, gräifen d'Duerfbewunner de Guts un. Si geheien him vir, d'Duerf zerstéiert ze hunn an datt hien d'Kanner ëmbruecht hätt. De Guts hëlt d'Jill als Geisel fir z'entkommen. No senger Flucht léisst de Guts d'Jill erëm fräi.
Falcon of the Millennium Empire Arc:
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Fantasia Arc:
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Verkafszuelen[6]
[änneren | Quelltext änneren]Datum | Japan | International | Total |
---|---|---|---|
29. Mäerz 1999 | 10 000 000 | / | 10 000 000 |
11. Februar 2005 | 20 000 000 | / | 20 000 000 |
13. Januar 2006 | 21 000 000 | / | 21 000 000 |
28. Abrëll 2006 | 21 500 000 | / | 21 500 000 |
8. Juni 2006 | 21 500 000 | 4 000 000 | 25 500 000 |
28. Mäerz 2008 | 23 000 000 | 4 000 000 | 27 000 000 |
25. Juni 2010 | 24 000 000 | 7 000 000 | 31 000 000 |
28. Mäerz 2013 | 25 000 000 | 8 500 000 | 33 500 000 |
Multimedial Ëmsetzung
[änneren | Quelltext änneren]Kempū Denki Berserk (剣風伝奇ベルセルク), (Anime, 1997)
[änneren | Quelltext änneren]1997 koum eng éischt animéiert Adaptatioun mam Numm Berserk eraus. Se baséiert um Golden Age Arc. Den Anime setzt sech aus 25 Episoden zesummen an ass vum Kentarō Miura mat produzéiert ginn.[7] Déi animéiert Serie ass vum Studio Oriental Light and Magic produzéiert ginn a baséiert op den 13 éischte Bänn vum Manga.[3]
Berserk: The Golden Age Arc (2013)
[änneren | Quelltext änneren]2013 koumen 3 animéiert Filmer eraus ënnert dem Numm Berserk: The Golden Age Arc. D'Geschicht behandelt de Golden Age Arc, mee hält sech net eent zu eent un d'Storyline vum Manga.
Berserk (Anime, 2016)
[änneren | Quelltext änneren]2016 koum eng zweet Anime-Serie eraus. D'Geschicht behandelt de Conviction Arc. Déi zweet Saison (2017) behandelt den éischten Deel vum Falcon of the Millennium Empire Arc.
Berserk and the Band of the Hawk (Videospill, 2017)
[änneren | Quelltext änneren]Den 21. Februar 2017 koum e Computerspill vun der Firma Koei Tecmo Games Co., Ltd., mam Numm Berserk and the Band of the Hawk eraus.[8]
Bibliographie[9]
[änneren | Quelltext änneren]
Black Swordsman Arc[änneren | Quelltext änneren] | ||
Volume[änneren | Quelltext änneren] |
Japenesche Releasedatum[änneren | Quelltext änneren] |
Europäesche Releasedatum[änneren | Quelltext änneren] |
1 | 26. November 1990 | 22. Oktober 2003 |
2 | 26. Februar 1991 | 14. Januar 2004 |
3 | 25. Oktober 1991 | 14. Abrëll 2004 |
Black Swordsman & Golden Age Arc[änneren | Quelltext änneren] | ||
4 | 26. Februar 1992 | 14. Juli 2004 |
Golden Age Arc[änneren | Quelltext änneren] | ||
5 | 29. Mäerz 1993 | 13. Oktober 2004 |
6 | 29. September 1993 | 19. Januar 2005 |
7 | 29. Mäerz 1994 | 11. Mee 2005 |
8 | 29. September 1994 | 13. Juli 2005 |
9 | 29. Mäerz 1995 | 12. Oktober 2005 |
10 | 29. September 1995 | 25. Januar 2006 |
11 | 29. Mäerz 1996 | 12. Abrëll 2006 |
12 | 27. September 1996 | 12. Juli 2006 |
13 | 27. Mäerz 1997 | 27. September 2006 |
Golden Age & Conviction Arc[änneren | Quelltext änneren] | ||
14 | 29. September 1997 | 6. Dezember 2006 |
Conviction Arc[änneren | Quelltext änneren] | ||
15 | 29. Januar 1998 | 31. Januar 2007 |
16 | 26. August 1998 | 28. Mäerz 2007 |
17 | 29. Mäerz 1999 | 30. Mee 2007 |
18 | 1. Oktober 1999 | 25. Juli 2007 |
19 | 29. Mäerz 2000 | 26. September 2007 |
20 | 27. Oktober 2000 | 28. November 2007 |
21 | 29. Mee 2001 | 23. Januar 2008 |
Falcon of the Millennium Empire Arc[änneren | Quelltext änneren] | ||
22 | 19. Dezember 2001 | 26. Mäerz 2008 |
23 | 28. Juni 2002 | 28. Mee 2008 |
24 | 19. Dezember 2002 | 23. Juli 2008 |
25 | 27. Juni 2003 | 24. September 2008 |
26 | 19. Dezember 2003 | 26. November 2008 |
27 | 29. Juli 2004 | 28. Januar 2009 |
28 | 28. Februar 2005 | 25. Mäerz 2009 |
29 | 29. September 2005 | 27. Mee 2009 |
30 | 29. Mäerz 2006 | 22. Juli 2009 |
31 | 29. September 2006 | 30. September 2009 |
32 | 29. November 2007 | 25. November 2009 |
33 | 24. Oktober 2008 | 27. Januar 2010 |
34 | 25. September 2009 | 15. September 2010 |
35 | 29. September 2010 | 21. September 2011 |
Fantasia Arc[änneren | Quelltext änneren] | ||
36 | 23. September 2011 | 19. September 2012 |
37 | 29. Mäerz 2013 | 20. November 2013 |
38 | 24. Juni 2016 | 5. Juli 2017 |
39 | 23. Juni 2017 | 11. Juli 2018 |
40 | 28. September 2018 | 25. September 2019 |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ berserkfan.cs
- ↑ Over 1.2 Million Copies of Berserk Manga Sold!. www.darkhorse.com Archivéiert de(n) 2019-12-22. Gekuckt de(n) 2019-12-22.
- ↑ 3,0 3,1 Berserk (2019-11-26). Gekuckt de(n) 2019-12-24.
- ↑ Black Swordsman Arc
- ↑ Golden Age Arc. Berserk Wiki. Gekuckt de(n) 2019-12-21.
- ↑ Berserk manga sales summary. SkullKnight.net. Gekuckt de(n) 2019-12-22.
- ↑ Berserk: A beginner's guide to the Game of Thrones of anime and manga Archivéiert de(n) 2020-06-27. Gekuckt de(n) 2019-12-20.
- ↑ BERSERK and the Band of the Hawk on Steam. store.steampowered.com. Gekuckt de(n) 2019-12-22.
- ↑ berserk.fandom.com