Carlo Maria Giulini
Ausgesinn
Carlo Maria Giulini | |
---|---|
Gebuer |
9. Mee 1914 Barletta |
Gestuerwen |
14. Juni 2005 Brescia |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien, Italien |
Educatioun |
Accademia Nazionale di Santa Cecilia, Accademia Musicale Chigiana |
Aktivitéit | Dirigent, Museksdirekter |
De Carlo Maria Giulini, gebuer den 9. Mee 1914 zu Barletta an der Provënz Bari an Italien, a gestuerwen de 14. Juni 2005 zu Brescia an der Lombardei, war en italieeneschen Dirigent.
Hien huet op der Akademie vun der Helleger Cäcilia zu Roum Alto an Direction studéiert. 1948 huet hie seng éischt Oper dirigéiert, La Traviata vum Giuseppe Verdi. Als Dirigent hie mat sou bekannte Regisseure wéi Franco Zeffirelli a Luchino Visconti zesummegeschafft.
Vun 1969 bis 1978 war hie Gaaschtdirigent (principal guest director) vum Chicago Symphony Orchestra, vun 1973 bis 1976 Chefdirigent vun de Wiener Symphoniker an en huet de Los Angeles Philharmonic Orchestra vun 1978 bis 1984 dirigéiert.