Déi 14. UEFA Foussball-Europameeschterschaft 2012 gouf vum 8. Juni bis den 1. Juli2012 a Polen an an der Ukrain gespillt. Et si 16 Nationalekippe géinteneen ugetrueden, fir d'éischt a Gruppen- an duerno an Ausscheedungsspiller, am Ganzen an 31 Matcher.
Gewonnen huet an der Finall déi spuenesch Nationalekipp, déi déi italieenesch mat 4:0 geklappt huet.
Den 20. Dezember 2011 goufen déi Offiziell vun der Foussball-Europameeschterschaft 2012 vun der UEFA ernannt ginn. Dëst sinn zwielef Schidsriichterekippe vun am Ganzen 12 Arbitter, 24 Assistenten, 12 Ersatzassistenten a 24 Golarbitter. Dobäi kommen nach 8 Véiert Offizeller, déi am Fall bei enger Verletzung vun engem Schidsriichter respektiv Assistent deejéinegen ersetzen.
Nom offizielle Reglement vun der UEFA ass d'EM an d'Qualifikatioun an an d'Ennronn opgedeelt. Fir d'Ennronn konnte sech, ausser der Ukrain a Polen, déi als Gaaschtlänner automatesch an d'Ennronn komm sinn, nach véierzéng aner Länner qualifizéieren.
Déi 51 Ekippen, déi fir déi véierzéng Ennronneplaze gespillt hunn, goufen a sechs Gruppe vu sechs an an dräi Gruppe vu fënnef agedeelt. An deenen eenzele Gruppen, an deenen all Ekippen eng Kéier an engem Hin- a Réckspill géinteneen ugetruede sinn, hu sech no 248 Spiller déi Gruppenéischt an dee beschte Gruppenzweeten direkt fir d'Europameeschterschaft 2012 qualifizéiert, déi 8 aner Gruppenzweeten hu sech a Barragematcher mat Hin- a Réckspill ëm déi verbliwwe 4 Plaze streide missen.