Grimoald de Jonken
Grimoald de Jonken | |
---|---|
Titelen | |
Biographie | |
Gebuer |
onbekannt onbekannt |
Gestuerwen |
Abrëll 714 jul. Léck |
Papp | Pippin de Mëttelsten |
Mamm | Plektrud |
Geschwëster | Karl Martell, Drogo vun der Champagne |
De Grimoald (oder Grimaud) II.; och de Jonken; lat. Grimoaldus, gebuer ëm 680 an erschloen am Abrëll 714 an der Kierch St. Lambert zu Léck, war e Jong vum Pippin de Mëttelsten an der Plektrudis an en Urenkel vum Arnulf vu Metz, an en Hallefbrudder vum Karl Martell.
Hie war Hausmeier vun Neustrien (zirka 697 - Abrëll 714) an Dux (Herzog) vun der Bourgogne an/oder vun der Champagne (708 - Abrëll 714). Hie war mat der Theudesinda, der Duechter vum Frisefürst Radbod, bestuet an hat e Jong, den Theudoald († wuel 741), deem seng Mamm onbekannt ass, an dee 714/715 och Hausmeier war.
De Grimoald gouf vun engem gewësse Rangar erschloen, engem Handlanger vum Herzog vu Frisland, wéi e beim Graf vum Helege Lambert gebiet huet. Hien ass zu Léck begruewen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Schieffer, Rudolf: Die Karolinger, W. Kohlhammer Druckerei GmbH + Co. Stuttgart, 2000, S. 19-23,26 und 58