Henri Verneuil
Ausgesinn
Henri Verneuil | |
---|---|
Gebuertsnumm | Achod Malakian, Աշոտ Մալաքեան |
Gebuer | 15. Oktober 1920 |
Gestuerwen |
11. Januar 2002 Bagnolet |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Arts et Métiers ParisTech |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Filmregisseur, Ingenieur, Filmproduzent, Schrëftsteller, Regisseur |
Member vun | Académie des beaux-arts |
Famill | |
Bestuet mat | Françoise Bonnot |
Kanner | Gaya Verneuil |
Den Henri Verneuil, gebuer als Achod Malakian de 15. Oktober 1920 zu Rodosto an der Tierkei, a gestuerwen den 11. Januar 2002 zu Paräis, war e franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur vun armeenescher Ofstamung.
Am Alter vu 4 Joer huet den Henri Verneuil musse mat sengen Elteren aus Armenien a Frankräich flüchten.
Hien huet no 1944 eng kuerz Zäit als Journalist geschafft, duerno huet hie sech beim Film lues a lues eropgeschafft.
No enger Partie Filmer hat hien am Joer 1959 mat dem Film La vache et le prisonnier mat dem Fernandel an der Haaptroll e ganz grousse Succès.
Hien huet mat Acteure wéi Jean Gabin, Bourvil, Jean-Paul Belmondo an Alain Delon Filmer gedréint, déi bei de Spectateure gutt ukomm sinn.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]als Regisseur
[änneren | Quelltext änneren]- On demande un bandit (1950), mam Jean Carmet
- La table-aux-Crevés (1952), mam Fernandel a Maria Mauban
- Le fruit défendu (1952), mam Fernandel a Françoise Arnoul
- Brelan d'as (1952), mam Michel Simon a Raymond Rouleau
- Le boulanger de Valorgue (1953), mam Fernandel
- Carnaval (1953), mam Fernandel
- L'ennemi public n°1 (1953), mam Fernandel an der Zsa Zsa Gabor
- Le mouton à cinq pattes (1954), mam Fernandel a Françoise Arnoul
- Les amants du Tage (1955), mam Françoise Arnoul an Daniel Gélin
- Des gens sans importance (1955), mam Jean Gabin an der Françoise Arnoul
- Paris, Palace Hôtel (1956), mam Charles Boyer an der Françoise Arnoul
- Une manche et la belle (1957), mat der Mylène Demongeot
- Maxime (1958), mat der Michèle Morgan an dem Charles Boyer
- Le grand chef (1959), mam Fernandel an Gino Cervi
- La vache et le prisonnier (1959), mam Fernandel a mat der Ingeborg Schöner
- L'affaire d'une nuit (1960), mam Roger Hanin an der Pascale Petit
- La française et l'amour (1960), Sketch (L'adultère), mat der Dany Robin an dem Jean-Paul Belmondo
- Le président (1961), mam Jean Gabin a Bernard Blier
- Les lions sont lâchés (1961), mam Lino Ventura an der Claudia Cardinale
- Un singe en hiver (1962), mam Jean Gabin a Jean-Paul Belmondo
- Mélodie en sous-sol (1963), mam Jean Gabin a Alain Delon
- Cent mille dollars au soleil (1964), mam Lino Ventura a Jean-Paul Belmondo
- Week-end à Zuycoote (1964), mam Jean-Paul Belmondo a Jean-Pierre Marielle
- La vingt-cinquième heure (1967), mam Anthony Quinn an der Virna Lisi
- La bataille de San Sebastian (1968), mam Anthony Quinn a Charles Bronson
- Le clan des Siciliens (1969), mam Jean Gabin an Alain Delon
- Le casse (1971), mam Jean-Paul Belmondo a Robert Hossein
- Le serpent (1973), mam Yul Brynner an Henry Fonda
- Peur sur la ville (1975), mam Jean-Paul Belmondo
- Le corps de mon ennemi (1976), mam Jean-Paul Belmondo an der Marie-France Pisier
- I comme Icare (1979), mam Yves Montand
- Mille milliards de dollars (1982), mam Patrick Dewaere a Mel Ferrer
- Les morfalous (1984), mam Jean-Paul Belmondo a Marie Laforêt
- Mayrig (1992), mam Claudia Cardinale an Omar Sharif
- 588, rue Paradis (1993), mam Richard Berry a Claudia Cardinale
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- 1996, César d'honneur fir säi Gesamtwierk.