Maria Jacoby
Ausgesinn
Maria Jacoby | |
---|---|
Gebuertsnumm | Maria Anna Kasteleiner |
Gebuer |
15. Februar 1900 Eddersheim |
Gestuerwen | 22. Januar 1990 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1936 |
Famill | |
Bestuet mat | Jean Jacoby |
D'Maria Jacoby oder Marie Jacoby, och als Mia Jacoby bekannt, gebuer de 15. Februar 1900 als Maria Anna Kasteleiner zu Eddersheim um Main a gestuerwen den 22. Januar 1990 zu Rocky River (Ohio)[1], war eng däitsch, dunn duerch Bestietnes lëtzebuergesch Molerin an Olympionickin.[2]
Si huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin vertrueden[3], wou s'an der Disziplin „Mixed painting“ mat hirem Wierk „Meedche beim Bommstoussen“ matgemaach huet[4].
Si war déi zweet Fra vum Jean Jacoby. Nom Doud vum Jean huet si sech mat engem Amerikaner bestuet an ass mat him, als Mia Lamkin, an d'USA emigréiert.[5]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Maria Anna Kasteleiner um Site gedbas.genealogy.net
- ↑ D'Maria Jacoby op der Websäit vu sports-reference.com
- ↑ D'Marie Jacoby op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
- ↑ Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 50-51. ISBN 978-2-9599734-5-1
- ↑ Adolphe Deville in Jean Jacoby. 1967.