Marie Clausse
Marie Clausse | |
---|---|
Gebuer |
22. November 1909 Diddeleng |
Gestuerwen |
6. September 1975 Diddeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Resistenzler |
Member vun | Letzeburger Freihétsbond |
D'Marie Clausse, gebuer den 22. November 1909 zu Diddeleng, an och do gestuerwen de 6. September 1975, war eng lëtzebuergesch Fraerechtlerin.
Uganks vun den 1940er-Jore gouf si Member vum Lëtzebuerger Fräiheetsbond an huet an hirem Haus zwéin desertéiert lëtzebuergesch Zwangsrekrutéiert verstoppt. Am Juli 1944 gouf d'Marie Clausse verhaft a koum an e Stroflager fir Fraen a méi spéit an d'Frae-KZ Ravensbrück. Si ass am Abrëll 1945 befreit ginn.
Si huet sech duerno an der Amicale des femmes concentrationnaires et prisonnières politiques luxembourgeoises engagéiert[1].
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]D'Marie Clausse ass posthum mat der Croix de l'Ordre de la Résistance ausgezeechent ginn.
No hir genannt
[änneren | Quelltext änneren]Am Kader vum internationale Fraendag 2019 huet d'Gemeng Diddeleng am Quartier Lenkeschléi fënnef Stroossen an eng Plaz no Diddelenger Frae genannt, déi an hirer Zäit Virreiderinne waren a sech no hire politeschen, privaten oder berufflechen Iwwerzeegungen engagéiert hunn. Dorënner d'Rue Marie Berg-Clausse an Erënnerung un d'Marie Clausse.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anne Julie Heintz, Düdelingen entdeckt seine weibliche Seite op wort.lu den 8. Mäerz 2019 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 9. / 10. Mäerz 2019, S. 40-41, ënnert dem Titel Starke Frauen, starke Geschichten.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Quell wou net anescht uginn: Anne Julie Heintz an der Literatur.