Natalie Zemon Davis
Natalie Zemon Davis | |
---|---|
Gebuertsnumm | Natalie Zemon |
Gebuer |
8. November 1928 Detroit |
Gestuerwen |
21. Oktober 2023 Toronto |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Kanada, USA |
Educatioun |
Radcliffe College, Harvard Universitéit, Smith College, Universitéit vu Michigan |
Aktivitéit | Historiker, Dréibuchauteur, Universitéitsprofesser, Fraerechtler, Schrëftsteller |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society |
D'Natalie Zemon Davis, gebuer den 8. November 1928 zu Detroit, a gestuerwen den 21. Oktober 2023 zu Toronto, war eng kanadesch-US-amerikanesch Historikerin.
Si gëllt als Pionéierin an der Sozialgeschicht an ass bekannt fir hir Rekonstruktioune vum Liewe vun "normale" Leit, zum Beispill Verkeefer, Aarbechter a Baueren aus dem 16. a 17. Joerhonnert an Europa. Zu hire bekanntste Wierker zielen Society and Culture in Early Modern France (1975) an The Return of Martin Guerre (1983).[1]
D'Natalie Zemon Davis huet Bicher an iwwer 80 Artikelen verëffentlecht, dovun e groussen Deel iwwer d'Sozial- a Kulturgeschicht vu Frankräich am 16. Joerhonnert.[2]
2010 krut si den Internationale Holberg-Gedenkpräis fir hir narrativ Approche un d'Geschicht z'éieren.[3]
Studium a Famill
[änneren | Quelltext änneren]D'Natalie Zemon ass d'Duechter vu Judden, déi am 19. Joerhonnert an Amerika ausgewandert sinn. Schonn am Lycée huet d'Natalie Zemon Davis hir Begeeschterung fir d'Geschicht entdeckt. Als Schülerin huet si sech fir déi al Zivilisatiounen, d'modernt Europa an d'Geschicht vun Amerika intresséiert, dorënner speziell fir d'athénescher Demokratie, d'Opklärung, an d'franséisch an d'amerikanesch Revolutioun. Si huet um Smith College an zu Harvard studéiert an huet schliisslech 1959 op der University of Michigan hiert Doktorat absolvéiert.[1]
Nach wärend hirem Studium, am Alter vun 20 Joer, gouf si mam Chandler Davis, engem 22 Joer ale Mathematikstudent zu Harvard bestuet. Fir der Natalie Zemon Davis hir Eltere war déi Hochzäit e Skandal a Schock well den Davis net jiddesch ass. D'Koppel krut dräi Kanner.[1]
Politesch Aktivitéit an Impakt op hir akadeemesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Natalie Zemon Davis war wärend hirer Studienzäit politesch aktiv, ënner anerem géint de Koreakrich.[1] Ier si an hire Mann 1952 fir sechs Méint op Lyon gaange sinn, fir do Recherche ze maachen, war si un engem Pamphlet mam Numm "Operation Mind" bedeelegt. An deem Pamphlet huet si déi net-konstitutionell Aktivitéite vum House Un-American Activities Committee (HUAC) ugeklot, engem Gremium am Representantenhaus vun den USA.[4] Wärend hirem Openthalt a Frankräich huet den Council for the Arts, Sciences and Professions vun der University of Michigan d'Wierk verëffentlecht. Déi Verëffentlechung hat e groussen Impakt op d'spéidert Liewe vun der Natalie Zemon Davis an hirem Mann, deen de Scheck an der Dréckerei ënnerschriwwen hat.[4] Déi hat doropshin d'Koppel verdächtegt, Kommunisten ze sinn, an Informatioun un den FBI weiderginn. Wéi d'Natalie an den Chandler Davis am Hierscht 1952 an d'USA zeréck koume gouf hinnen hir Päss ofgeholl a si hunn d'USA aacht Joer laang net méi dierfe verloossen. Doduerch konnt d'Natalie Zemon Davis och net méi a Frankräich reesen an un hiren Dokumenter a Quellen an am Archiv vu Lyon schaffen.[5]
An der deemools antikommunistescher Stëmmung vun den USA hat de Pamphlet "Operation Mind" eng ausschlaggebend Roll am weider Verlaf vun der Koppel hirer Zukunft. Den Chandler Davis huet seng Plaz als Mathematiksprofesser op der University of Michigan verluer an ass 1953 vum HUAC virgeluede ginn. 1960 gouf hie wéinst "contempt of congress" (Veruechtung vum Kongress) zu sechs Méint Prisong verurteelt.[4] No fënnef Méint gouf hie wéinst gudder Conduite entlooss.
Déi Zäit, an där hire Mann am Prisong war, huet d'Natalie Davis op der Brown University ënnerriicht an hir Famill versuergt. Nom Chandler Davis sengem Prisongsopenthalt ass den FBI all Kéier intervenéiert, wann hie sech fir eng Plaz op enger Universitéit gemellt huet, a seng Demande gouf ofgeleent.[4]
An där Zäit, an där hire Mann ouni Aarbecht war, huet d'Natalie Zemon Davis sech och nach ëm hir dräi kleng Kanner gekëmmert. 1953 krut d'Koppel e Jong an 1954 an 1957 zwee Meedercher. D'Famill hat mat finanziellen, mee och existenzielle Problemer ze kämpfen hat. No e puer schwéiere Jore gouf hirem Mann schliisslech 1962 eng Plaz op der University of Toronto ugebueden.[4] Déi Offer war den Ufank vun enger besserer a méi stabiller Zäit fir d'Famill Davis.
Vum Ament un, wéi si hire Pass erëmkritt hat, konnt d'Natalie Zemon Davis och mat hire Recherchen an den Archiven zu Lyon an zu Genf weiderfueren. Si krut awer keng fix Plaz am Departement fir Geschicht op der Universitéit vun Toronto ugebueden, obwuel si Offeren aus anere Beräicher krut, déi si net interesséiert hunn. Zéng Joer no hirem Depart a Kanada gouf hir 1972 eng Plaz op der kalifornescher University of Berkeley ugebueden. Si ass eleng an d'Vereenegt Staaten zeréck geplënnert an hire Mann ass mat den dräi Kanner a Kanada bliwwen. 1978 huet d'Davis Berkeley verlooss an ass op d'Princeton University gewiesselt, wou si 18 Joer laang ënnerriicht huet, bis si a Pensioun gaangen ass.
Akadeemescht Wierken
[änneren | Quelltext änneren]Der Natalie Davis hiren Haaptinteressi gëllen der Sozial- a Kulturgeschicht, besonnesch déi, déi vun aneren Historiker ignoréiert gouf. Fir hir Aarbecht benotzt si sëllege Quellen, dorënner Geriichts- an Notairesakten, Theaterstécker, Steierlëschten, éischt gedréckte Bicher a Pamphleten, Autobiografien a Vollekserzielungen. Si ass eng Verfechterin vu pluridisziplinärer Geschicht, déi sech aus der Kombinatioun vun der Geschicht mat aneren Disziplinnen auszeechent, wéi der Anthropologie, der Ethnografie an der Literaturtheorie. An hirem Wierk Society and Culture in Early Modern France (1975) exploréiert si d'Liewe vun Handwierker a Baueren: hir Bezéiung zur protestantescher Reformatioun, hir Karnevallen, Opstänn a reliéis Gewalt, an den Impakt vun der Drockpress op hir Aart a Weis ze denken.
Am Buch dat dem gréisste Public bekannt ass, The Return of Martin Guerre (1983), suivéiert si de Fall vun engem Näischnotz am 16. Joerhonnert an engem Duerf an de Pyrenäen an analyséiert de Baueren hir Approche zur perséinlecher Identitéit.[6] Dat Buch ass en Nieweprodukt aus hirer Erfarung als Geschichtskonsulentin fir dem Daniel Vigne säi Film Le Retour de Martin Guerre. D'Buch, dat fir d'éischt op franséisch verëffentlecht gouf, an de Film sinn zur selwechter Zäit erauskomm.
Der Davis hiren Interessi um Geschichtenerzielen gouf weidergefouert am Buch Fiction in the Archives: Pardon Tales and their Tellers in 16th-century France (1987). Hei geet et ëm Persounen aus alle soziale Schichten, déi ugeklot goufen, e Verbrieche begaangen ze hunn. D'Davis analyséiert d'Geschichten, déi déi Leit dem Kinnek erzielt hunn, fir begnodegt ze ginn. A Women on the Margins (1995) kuckt si op d'autobiographesch Erzielunge vun dräi Fraen aus dem 17. Joerhonnert zeréck an diskutéiert d'Roll vun der Relioun an hirem Liewen.
Am Wierk The Gift in Sixteenth-Century France (2000) gebraucht d'Davis eng anthropologesch Approche fir ze verstoen, wéi d'Manéier vum Schenken souwuel Allianzen wéi och Konflikter a fréie Geschäfts- a Familiebezéiungen, der Politik an der Relioun beaflosst huet. D'Schenken ëmfaasst dobäi och Wueltätegkeet, Bestiechen a géigesäiteg Obligatiounen.[6] An Trickster Travels (2006) beschreift si, wéi den nordafrikanesche Moslem Leo Africanus (Hasan al-Wazzan) et am fréie 16. Joerhonnert gepackt huet als Chrëscht an Italien ze liewen, nodeems hie vu chrëschtleche Piraten entfouert gouf.[6] Si gesäit seng Schrëften och als Beispill vun der "Méiglechkeet ze kommunizéieren an der Kuriositéit an enger Welt, déi duerch Gewalt gedeelt ass".[7]
Obwuel der Davis hir historesch Schrëften extensiv recherchéiert sinn, gräift si heiansdo op Spekulatioun zeréck, andeems si vergläichbar Beweiser benotzt, a Wieder asetzt wéi "vläicht", oder Ausdréck wéi "huet si vläicht geduecht". Verschidde Kritiker fannen dat beonrouegend a sinn der Meenung, déi Praxis géif déi empiresch Basis vum Beruff vum Historiker menacéieren. D'Davis gëtt dorop ënner anerem an hirem 1992er Essai Stories and the Hunger to Know eng Äntwert, an deem si souwuel fir d'Roll vun der Interpretatioun vun den Historiker wéi och fir deenen hir onverzichtbar Sich no Beweiser fir d'Vergaangenheet plädéiert: déi zwee mussen do sinn an unerkannt ginn, fir d'Mënschen dovun ofzehalen ze behaapten, si hätten d'"Wouerecht" absolut am Grëff. Hiert Buch Women on the Margins fänkt mat engem imaginären Dialog un, an deem hir dräi Probanden si fir hiren Usaz an dofir, datt d'Davis si an dat selwecht Buch gestach huet, kritiséieren. An hirem Buch Slaves on Screen (2000) vertrëtt d'Davis d'Usiicht, datt Filmer e wäertvolle Wee bidde kënnen, iwwer d'Vergaangenheet ze berichten, soulaang se mat allgemeng historesche Beleeger verbonne sinn.
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]In 2010 krut si fir hiren narrativen Usaz am Beräich vun der Geschicht den norwegeschen Internationale Holberg-Gedenkpräis iwwerreecht. An der Begrënnung vum Präis gëtt si als "eng vun de kreatiivsten Historikerinne vun der Géigewaart" bezeechent, déi méi jonk Generatioune vun Historiker inspiréiert an déi "géigesäiteg Befruchtung tëschent den Discipline" fërdert. An der Begrënnung heescht et, hir fesselend Erzielung géif weise, "wéi bestëmmt Ereegnesser erzielt an analyséiert kënne ginn, fir méi déif historesch Tendenzen an ënnerschwelleg Denk- an Handlungsmuster opzedecken".[3]
2011 gouf si an d'American Philosophical Society gewielt, eng renomméiert amerikanesch Bildungsinstitutioun.
2012 gouf si zum "Companion" am Order of Canada ernannt, der héchster kanadescher Auszeechnung fir Zivilpersounen.
2013 krut si vum President Barack Obama d'National Humanities Medal fir "hir Abléck an d'Geschichtswëssenschaften an hir usprochsvoll Eloquenz, mat där si d'Vergaangenheet an de Mëttelpunkt stellt".[8]
Wierker (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- The Return of Martin Guerre, Cambridge 1983.
- Women on the Margins: Three Seventeenth-century Lives, Cambridge 1995.
- Trickster Travels: A Sixteenth-Century Muslim Between Worlds, New York 2006.
- Aufgezählter Listeneintrag The Gift in Sixteenth-Century France, Wisconsin 2000.
- Society and Culture in Early Modern France. Eight Essays, Standford, 1975.
- Women's History in Transition: the European Case in: Feminist Studies (Volume 3, Issue 3), p. 83-103,1975.
- Women in the Crafts in Sixteenth-Century Lyon in: Feminist Studies (Volume 8, Issue 3), p. 47-80, 1982.
- Ghosts, Kin and Progeny; Some Features of Family Life in Early Modern France in: Daedalus (Volume 106, Issue 2), p. 87-114, 1977.
- Women and the World of Annales in: History Workshop Journal (Volume 33), p. 121-137, 1992.
- Beyond the Market: Books as Gifts in Sixteenth-Century France in: Transactions of the Royal Historical Society (Volume 33), 1983.
- Frauen und Gesellschaft am Beginn der Neuzeit: Studien über Familie, Religion und die Wandlungsfähigkeit des sozialen Körpers. Frankfurt am Main 1989.
- Fiction in the Archives: Pardon Tales and Their Tellers in Sixteenth-Century France. Cambridge 1988.
- Lebensgänge: Gikl, Zwi Hirsch, Leone Modena, Martin Guerre, Ad me ipsum. Berlin 1998.
- L'Histoire tout feu tout flamme, with Denis Crouzet. Paris 2004.
- Slaves on Screen: film and Historical Vision. Toronto 2007.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 Biographie op enotes.com (lescht Aktualiséierung: 6. Mee 2015)
- ↑ medievalists.net: Interview with Natalie Zemon Davis (gekuckt de 16. August 2021)
- ↑ 3,0 3,1 holbergprisen.no: The Holberg Prize 2010 was awarded to the Canadian historian Natalie Zemon Davis. (gekuckt de 16. August 2021)
- ↑ 4,0 4,1 4,2 4,3 4,4 University of Michigan: Trial by Fired vum Elizbeth Wason (12. Juni 2016)
- ↑ utoronto.ca: Natalie Zemon Davis on the importance of curiosity in humanities research (gekuckt de 15. August 2021)
- ↑ 6,0 6,1 6,2 Jewish Women's Archive: Natalie Zemon Davis vum Beth Wender (aktualiséiert den 23. Juni 2021)
- ↑ theguardian.com: Search for a legend vum James Buchan (13. Januar 2007)
- ↑ obamawhitehouse.org: President Obama to Award 2012 National Medal of Arts and National Humanities Medal (3. Juli 2013)