Raphaël Stacchiotti
Raphaël Stacchiotti | |
---|---|
Gebuer |
9. Mäerz 1992 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schwëmmer |
Gréisst | 182 cm |
De Raphaël Stacchiotti, gebuer den 9. Mäerz 1992 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schwëmmer.[1]
De Stacchiotti war mat 16 Joer bis elo de jéngste Lëtzebuerger Olympionik. Bei der Ouverture vun de Spiller zu Peking 2008 huet hien de Lëtzebuerger Fändel gedroen. An der Qualifikatioun iwwer 200m Fräistil vun de Männer, koum hie mat enger Zäit vun 1:52.01 op eng 49. Plaz am Generalklassement.[2]
Hie war och bei den Olympesche Spiller 2012 zu London, 2016 zu Rio an 2021 zu Tokyo derbäi. No der Olympiad vu Rio ass hien an d'Section sports d'élite de l'armée gaangen.
Mat alle 17 gewonnenen Distanze bei de Meeschterschaften am 25-Meter-Baseng uganks Dezember 2017 kënnt de Schwëmmer vum Swimming Club le Dauphin vun Ettelbréck op den aktuelle Rekord vu 70 nationalen Titelen.
Palmares
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- 2008: 4. Plaz op Weltmeeschterschaft vun de Junioren zu Monterrey (Mexiko). Neie Landesrekord am 200m Fräistil mat 1:50.30
- 2009: Bei de Spiller vun de klenge Staate vun Europa, vum 1. Juni bis de 6. Juni huet hie siwemol Gold an eemol Sëlwer gewonnen.
- Doropshi krut hien de 6. Juni de World Fair Play Movement award[3]
- 2009: 1. Plaz op der Junior-Europameeschterschaft[4] zu Prag am 200m 4 Nages mat 2:02.56
- 2010: 1. Plaz am 200 m 4 Nages an 2. Plaz am 400 m 4 Nages op der Junior-Europameeschterschaft.
- 2011: 20. Plaz am 200 m 4 Nages an am 400 m 4 Nages op de Schwammweltmeeschterschaften zu Shanghai[5]
Lëtzebuergesch Rekorder (50 m Baseng)
[änneren | Quelltext änneren]Distanz | Zäit | Plaz | Opgestallt | Verluer |
---|---|---|---|---|
100 m papillon | 55,12 | Reykjavik | 03.06. 2015 | -- |
100 m nage libre | 50,76 | Lëtzebuerg | 29.01.2012 | 26.07. 2015[6] |
200 m nage libre | 01:49,61 | Roum | 27.07. 2009 | -- |
200 m papillon | 02:02,60 | San Marino | 30.05. 2017 | -- |
200 m 4 nages | 02:00,21 | Rio de Janeiro | 10.08. 2016 | -- |
400 m nage libre | 03:57,34 | Roum | 26.07. 2009 | 13.04 2016[7] |
400 m 4 nages | 04:17,20 | London | 27.07. 2012 | -- |
800 m nage libre | 08:20,91 | Monterrey | 10.07. 2008 | -- |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Stacchiotti n'en pouvait plus Artikel am Le Quotidien (11. August 2008) iwwer de Stacchiotti zu Peking 2008 (fr)
- Finall vun den 200 m 4 nages Männer bei der Jugend-Europameeschterschaft 2009 op You-Tube
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Raphaël Stacchiotti op der Websäit vu sports-reference.com
- ↑ De Raphël Stacchiotti op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
- ↑ Shialou, Stacchiotti and Iceland Receive Awards
- ↑ 200 Ind. Medley - Boys F I N A L: 1. STACCHIOTTI Raphael 1992 LUX 2:02.56 Quell: www.prague2009.cz
- ↑ D'Resultater vum Raphaël Stacchiotti op Les-Sports.info
- ↑ Neie Rekordler gouf de Julien Henx 50,06
- ↑ Neie Rekordler gouf de Pit Brandenburger 03:56,20