Op den Inhalt sprangen

Reticulum (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Reticulum
Lëtzebuergeschen Numm Netz
Laténgeschen Numm Reticulum
Laténgesche Geenitiv Reticuli
Laténgesch Ofkierzung Ret
Positioun südlechen Himmel
Rektaszensioun 3h 13m bis 4h 37m
Deklinatioun -67° bis -52°
Fläch 114 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 23° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Stäre mat
Gréisst < 3m
keen
Hellste Stär,
Gréisst
α Reticuli,
3,33m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Horologium
Hydrus
Dorado
Kaart vum Stärebild Reticulum

D'Netz, op laténgesch: Reticulum ass e Stärebild vum Südleche Stärenhimmel.

D'Netz ass e klengt, awer markant Stärebild nërdlech vun der Grousser Magellanescher Wollek (LMC). Véier Stäre formen eng Raut.

D'Stärebild huet fréier "Rhombus" geheescht a war am Joer 1624 vum schlesesche Kartograph Jacob Bartsch agefouert ginn.

Am Joer 1752 huet de franséischen Astronom Nicolas-Louis de Lacaille a „Reticulum Rhomboidalis“ (rhombescht Netz) ëmbenannt. Et stellt keen Netz am geleefege Sënn duer, mä en astronomescht Moossinstrument: Eng Glasplak mat engem Netzmuster vun agravéierte Linnen, déi virun en Okular abruecht konnt ginn (z. B. e Fuedemkräiz). Et ass domat eent vun deene Stärebiller, déi de Lacaille no techneschen Instrumenter benannt huet.

Himmelsobjeten

[änneren | Quelltext änneren]
B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 3,33m 163 G7 III
β 3,84m 100 K0 IV SB
ε 4,44m 59 K2 IV
γ 4,48m 491 M4 III
δ 4,56m 530 M2 III
κ 4,71 70 F5 IV-V
ι 4,97 331 K4 III
ζ2 5,24 39 G1 V
η 5,24 380 G7 III
HR 1340 5,45 267 K0 III

Den β  Reticuli läit op enger Distanz vun 100 Liichtjoer. De Stär liicht orange a gehéiert zu der Spektralklass K0 IV.

Objet Gréisst Ofstand
α 3,33 / 12m
ζ Reticuli 5,24 / 5,54m 310"

D'Duebelstäresystem α  Reticuli ass 163 Liichtjoer vun eis ewech. Den Haaptstär liicht giel an huet den 20fachen Duerchmiesser an déi 100fach Liichtkraaft vun eiser Sonn. Hien huet e liichtschwaache Begleeder vun der 12. Gréissteklass op enger Distanz vun 2.450 AU. Dëse Stär ëmkreest den Haaptstär eemol a 60.000 Joer.

Den ζ Reticuli ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 39 Liichtjoer. De Wénkelofstand ass 310 Bousekonnen.

NGC divers Gréisst Typ Numm
1313 8,7m Galaxie
Commons: Reticulum – Biller, Videoen oder Audiodateien