Senlis (Oise)
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Hauts-de-France | ||||
Departement | Oise | ||||
Arrondissement | Senlis | ||||
Kanton | Senlis | ||||
Postcode | 60300 | ||||
Gemengecode | 60612 | ||||
Koordinaten | 49° 12’ 29’’ N 02° 35’ 15’’ O | ||||
Fläch | 2.405 ha | ||||
Bevëlkerung | 15.845 (2011) |
Senlis ass eng franséisch Gemeng am Departement Oise, an der Regioun Hauts-de-France. Op enger Fläch vu 24,05 km² wunne 17.192 Awunner (1999).
Senlis gouf, well et gënschteg op enger Kräizung louch, vun de Réimer als Augustomagus gegrënnt. Am 3. Joerhonnert gouf, fir et zer verdeedegen, e 4 Meter héije Rempart gebaut, vun deem haut nach Reschter ze gesi sinn. Duerno gouf Senlis Kinneksstad: den Hugues Capet gouf hei 987 zum Kinnek gewielt. E Palais gouf gebaut, d'Stad krut eng nei Stadmauer, an 1191 gouf d'fréigotesch Kathedral Notre-Dame, un där 1153 ugefaange gouf, ze bauen, ageweit. Se krut am 13. Joerhonnert en Tuermopsaz an am 16., no engem Feier, en héichgotescht Queeschschëff.
Och kuckeswäert sinn d'Probstei St. Maurice, d'Kapell Saint-Frambourg, d'Stadhaus an d'Privathaiser aus dem 17. an 18. Joerhonnert.
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Oise
- Arrondissementer am Departement Oise
- Kantonen am Departement Oise
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Oise
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Senlis (Oise) – Biller, Videoen oder Audiodateien |