Wikipedia:Relevanz
Ausgesinn
Fir eng eenheetlech Approche ze hunn a fir Diskussiounen an Eenzelfäll iwwerflësseg ze maachen ass hei eng Lëscht vun de gängege Relevanzkrittären op dëser Wikipedia.
„Relevant“ bei Persounen ass keng Wäertung vun hire perséinleche Meritten u sech, mä e Katalog vu eenheetlechen, objektive Krittären, déi determinéieren, wat oder wien an dëser Enzyklopedie eng Plaz huet, a wat/wien net.
Persounen aus Lëtzebuerg
[Quelltext änneren]Architekten
[Quelltext änneren]- En Architekturpräis gewonnen hunn (Bauhärepräis, ...)
- Op d'mannst 3 notabel Gebaier entworf hunn (deemno net just Wunnhaiser)
Auteuren
[Quelltext änneren]- Bei Saachtheemen: op d'mannst 3 Artikelen a Fachpublikatiounen
- Op d'mannst eng eegestänneg Publikatioun (d. h. e Buch, dat an engem Verlag erauskomm ass – net am Selbstverlag)
- Bei Belletristik: op d'mannst 3 eegestänneg Publikatiounen
- Laureat bei engem Literaturconcours (Nationale Literaturconcours, Servais-Präis, Batty-Weber-Präis, ...)
Ekonomen
[Quelltext änneren]- Direkteren/Manager vu grousse Lëtzebuerger Firmen (Top 10)
Fuerscher
[Quelltext änneren]- Member vun enger Fuerschungsgesellschaft oder enger Sektioun vum Institut grand-ducal
- Dozent op enger Héichschoul/Uni
- An hirem Wëssensgebitt aktiv (gewiescht) sinn a publizéiert hunn (k. u.)
- Ausnamefäll vun „Hobbyfuerscher“, déi op hirem Gebitt signifikativ Entdeckungen/Sammlungen/Recherchë gemaach hunn (v.&nbap;a. 19. Jh.)
Medien
[Quelltext änneren]- Chefredakter oder Editeur vun enger Zeitung oder engem Medium, dat Pressehëllef kritt oder eng Oplo vun iwwer 5.000 huet
- Journalisten a Presentateure vun Televisiounssenderen
- Radiosspeaker, déi zu de „Pionéier“ zielen oder op engem Radio mat nationaler Frequenz iwwer méi Jore reegelméisseg Sendunge maachen
Moler, Sculpteuren, ...
[Quelltext änneren]- Laureate vu Konschtpräisser (Prix Grand-Duc Adolphe, ...)
- Op d'mannst 5 Ausstellungen (eegen oder mat aneren zesummen)
- A Fachpublikationen ernimmt, z. B. a Konschtlexika, -anthologien, etc.
- Wierker an der Collectioun vum Staatsmusée
Museker, Bands, Komponisten
[Quelltext änneren]- Op d'mannst eng CD/EP, déi ënnert deem Numm erauskomm ass
- Optrëtter op Festivallen oder bei eegestännege Concerten a Concertssäll/-halen.
- Member vun enger Band, déi déi Critèren erfëllt
- Komponist vu Stécker, deen déi Critèren erfëllt
Politiker
[Quelltext änneren]- Groussherzogen an hir direkt Famill (Fra/Mann an hir Kanner; Ierfgroussherzogen an hir Conjointen)
- Regierungsmemberen (Ministeren a Staatssekretären)
- Deputéiert am nationalen oder am Europaparlament
- Buergermeeschteren
- Membere vum Staatsrot
- Parteipresident oder -generalsekretär
- Generalsekretär/President vun enger Gewerkschaft
Relioun
[Quelltext änneren]- Bëscheef, Kardineel, Peepst
- Groussrabbiner
Schauspiller, Regisseuren
[Quelltext änneren]- Huet eng (vun den) Haaptroll(en) an engem lëtzebuergesche Film gespillt
- Huet op d'mannst a 5 lëtzebuergeschen oder auslännesche Filmer matgespillt
- Laureat vun engem Lëtzebuerger Filmpräis oder soss engem auslännesche Filmpräis
- Regisseur vun op d'mannst engem lëtzebuergesche Moyen- oder Long-métrage-Film (Fiktioun oder Documentaire)
- Regisseur vun op d'mannst 3 Kuerzfilmer
Sportler
[Quelltext änneren]- Laureat beim Lëtzebuerger Sportler vum Joer
- Kader vum COSL
- Olympionik
- Bei Equippesportler:
- Member vun enger Nationalequipe am Foussball, Basketball, Handball, Äishockey, Volleyball, Cricket
- Member vun enger auslännescher Equipe, déi an enger nationaler Liga matspillt
- Trainer vun enger Nationalequipe oder enger auslännescher Equipe, déi do an enger nationaler Liga matspillt
- Bei Eenzelsportler:
- Sportler, déi national Rekorder opgestallt hunn
- Sportler, déi Landesmeeschter sinn oder waren
- Sportler, déi bei Welt- oder Europameeschterschaften ënner den 10 éischte klasséiert goufen
Staatlech oder parastaatlech Organisatiounen a Verwaltungen
[Quelltext änneren]- Direkter/President vun engem Ëffentlechen Etablissement
Persoune vu soss doruechter
[Quelltext änneren]- An op d'mannst enger „grousser“ Wikipedia (en, de, fr, ...) en Artikel hunn
- An Ausnamefäll: e spezielle Bezuch op Lëtzebuerg, dee fir dës Persoun signifikant ass
Geographie
[Quelltext änneren]- All Lëtzebuerger Uertschaften, inklusiv Häff a Lieu-diten (a bei grousse Stied: Quartieren)
- All Lëtzebuerger Waasserleef
- All Lëtzebuerger Knuppen/„Bierger“
- Stroossen (souwäit et eppes dozou ze soe gëtt)
- All Naturschutzgebidder, déi eng gesetzlech Grondlag hunn an op der Lëscht vum Ëmweltministère opgeholl goufen
Bauwierker
[Quelltext änneren]- Brécke vun enger gewësser Gréisst oder déi en Numm hunn
- Gebaier mat historeschem oder lokalem Wäert (z. B. klasséiert Monumenter), reliéis Gebaier, Kulturzentren, Secondairesschoulen, Waassertierm (falls et en architektoneschen Interêt gëtt)
Veräiner
[Quelltext änneren]- Uerdentlech agedroe sinn (d'Statute mussen bei no 1961 gegrënnte Veräiner op www.legilux.lu oder beim Handelsrëgester op www.lbr.lu ze fanne sinn.[1];
- Eng signifikant Aktivitéit Opweises hunn (iwwer déi a Medie Rieds geet);
- Informatiounen iwwer d'Geschicht musse virleien.
Soss Saachartikelen
[Quelltext änneren]- All Artikel, deen an enger anerer Wiki (z. B. fr, de, en, nl, es, ...) existéiert kann et och hei ginn.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Legilux féiert Veräiner eréischt op, wa si no 1961 entstane sinn, cf. http://www.legilux.public.lu/entr/index.php, dureno sti se um lbr.lu