Op den Inhalt sprangen

Zita

Vu Wikipedia
Zita
Portrait vun der hl. Zita (1696) vum Arnould de Vuez, am Musée de l'Hospice Comtesse zu Lille
Titel
Biographie
Gebuer 1218 jul.
Monsagrati
Gestuerwen 27. Abrëll 1278 jul.
Lucca
Graf Basilika San Frediano
Aktivitéit Déngschtpersonal
Aner Informatiounen
Statut Helleg
Gedenkdag 27. Abrëll
D'Zita an der Basilica di San Frediano vu Lucca. Hire Kierper zielt zu de ronn 100 Läiche vu kathouleschen Hellegen, déi sech net zersetzen.

D'Zita vu Lucca och nach Zitha vu Lucca, ((fr)Zit(h)e / Zit(h)a de Lucques), an der kathoulescher Kierch als Helleg Zit(h)a bekannt, gebuer 1218 zu Bozzanello (Monsagrati) bei Lucca an der Toscana (Italien) a gestuerwen de 27. Abrëll 1278 zu Lucca, ass eng italieenesch Helleg, déi och zu Lëtzebuerg veréiert gëtt.

D'Zita, déi mat hirer méi jonker Schwëster Margaretha, an der äermlecher Duerfgemeinschaft vu Bozzanello opgewuess ass, koum mat 12 Joer an den Déngscht vun der adeleger Famill Fatinelli, déi zu Lucca gewunnt huet, a bäi där si bis zu hirem Doud bliwwen ass.

Si war fläisseg, huet e ganz frommt Liewe gefouert a sech ganz an den Déngscht vun den Aarme gestallt. Si gouf vun hirer Famill an dem aneren Hauspersonal ënnerdréckt a gedierängelt, si blouf awer weiderhi frëndlech an huet déi haart Schléi als eng Prüfung fir hire feste Glawen ugesinn.

Der Legend no, huet si enges kalen Daags an der Mass engem Heeschert e pelze Mantel vun hirem Meeschter geléint. No der Mass ass den Heeschert mam Mantel verschwonnen, koum awer Stonne méi spéit nees mam Mantel hannescht an huet sech als Christus z'erkenne ginn.

Waasser, dat d'Zita engem Aarmen erausgeschott huet, soll sech a Wäi verwandelt hunn, a Brout, dat si heemlech ouni d'Wësse vun hirem Meeschter un déi Aarm verdeelt huet, huet sech – wéi bei der Elisabeth vun Thüringen – an hirem Schiertech a Blumme verwandelt.

D'Zita ass un Tuberkulos gestuerwen a gouf an der San-Frediano-Kierch zu Lucca begruewen. Do ass hire Kierper, dee sech net zersat huet, hautdesdaags an engem Glasschräin exposéiert.

No hirem Doud huet sech e richtege Kult ëm d'Zita entwéckelt. Si ass besonnesch vun Hausfraen an Déngschtmeedercher veréiert ginn. Hire Kult, deen de Bëschof Paganello[1] schonn 1278 unerkannt hat, war an der Géigend sou verbreet, datt den Dante (Inferno, XI, 38) an de Fazio degli Uberti (Dittamondo, III, 6) allebéid d'Stad Lucca einfach „Santa Zita“ genannt hunn.[2]

1696 huet de Poopst Innozenz XII. d'Unerkennung vun der Zita hirem Kult confirméiert. 1748 huet de Benedikt XIV. hiren Numm an de Martyrologium Romanum, d'offiziell Lëscht vun de réimesch-kathouleschen Hellegen, androe gelooss.[3]

Zita zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

D'Zita war souzesoen d'Giedel vum Zitaveräin, dem "Verein der hl. Zita für christliche Dienstmägde", deen den 28. Mäerz 1872 vum Paschtouer Nicolas Wies zesumme mat den Dammen Anna Bové a Luzia Margareta Niederprüm an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt gouf, an aus deem 1875 d'Kongregatioun vun den Zita-Schwësteren ervirgaangen ass.

Der Zita hiren Dag ass de 27. Abrëll.

De 26. September 1953 huet de Pius XII. si offiziell zur Patréinesch vum Déngschtpersonal an den Haushälterinnen ernannt.[4]

Fir un den Zita z'erënneren, ass am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no hir genannt: Rue Sainte-Zithe (Zitastrooss, L-2763). An där Strooss leien och d'Zithaklinick an d'Zitha-Klouschter.[5]

  • Baring-Gould, S. (1914): The lives of the saints. New and revised edition. Volume the fourth: April. Edinburgh, John Grant, 382 S. (Zita: S. 354-356). [1]
  • Farmer, D.H. (1996): Oxford Dictionary of saints. 3rd edition. Oxford, Oxford University Press, 530 p. (First edition 1978, third edition 1992, reissued in new covers 1996) (Zita: S. 513f.).
  • Grosber, J.J. (1997): 125 Jahre Werden, Wachsen und Wirken der “Zitaschwestern”. Luxemburger Wort 1997 (25. März), S. 7.
  • Hahn-Hahn, Ida von (1878): Die heilige Zita: Dienstmagd zu Lucca im 13. Jahrh. Mainz, Kirchheim, 143 S.
  • Kutten, Edouard (1995): Luxemburg und seine Heiligen. Kirchliche Manipulation mit Heiligenlegenden. Luxemburg, COPE, 144 S. (Zita: S. 52).
  • Schneiders, Brigitte (2004): Wer war die heilige Zita, deren Namen Programm der Zitha Gruppe ist? In: Kompress, Zeitung vum ZithaGrupp, Nr. 1, Juli 2004, S. 6. [2]
  • Wolf, Kenneth B. (2008): Life of St. Zita of Lucca. Medieval Texts in Translation, 2008. Web. 22 May 2009. [3]
Commons: Zita – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Paganello da Porcari, Bëschof vu Lucca vun 1274–1300 Archivéiert de(n) 2011-07-22. Gekuckt de(n) 2009-12-02.
  2. Catholic Encyclopedia: St. Zita
  3. Farmer 1996, S. 513.
  4. Kirchenlexikon
  5. Zithaklinick