I
Wou d'Uelzécht durech d'Wisen zéit,
Duerch d'Fielsen d'Sauer brécht,
Wou d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit,
Den Himmel Wäin ons mécht:
Dat ass onst Land, fir dat mir géif
Heinidden alles wo'n, 𝄆
Onst Hemechtsland dat mir so déif
An onsen Hierzer dro'n.𝄇
II
An sengem donkle Bëscherkranz,
Vum Fridde stëll bewaacht,
Sou ouni Pronk an deire Glanz
Gemittlech léif et laacht;
Säi Vollek frou sech soë kann,
An 't si keng eidel Dreem: 𝄆
Wéi wunnt et sech sou heemlech dran,
Wéi as 't sou gutt doheem!𝄇
III
Gesank, Gesank vu Bierg an Dall
Der Äärd, déi äis gedron;
D'Léift huet en treie Widderhall
A jidder Broscht gedon;
Fir, d'Hemecht ass keng Weis ze schéin;
All Wuert, dat vun er klénkt, 𝄆
Gräift äis an d' Séil wéi Himmelstéin
An d'A wéi Feier blénkt.𝄇
IV
O Du do uewen, deem seng Hand
Duerch d'Welt d'Natioune leet,
Behitt du d'Lëtzebuerger Land
Vru friemem Joch a Leed;
Du hues ons all als Kanner schon
De fräie Geescht jo ginn, 𝄆
Looss viru blénken d'Fräiheetssonn,
Déi mir so laang gesinn!𝄇
|
I
Waar de Alzette door de weiden trekt,
Door de rotsen de Sûre breekt,
Waar de wijngaard langs de Moezel geurig bloeit,
De hemel ons wijn geeft:
Dat is ons land, waarvoor wij alles
Ter aarde zouden wagen,
𝄆Ons thuisland, dat wij zo diep
in onze harten dragen.𝄇
IV
O jij daarboven, waarvan zijn hand
Door de wereld de naties leidt,
Bescherm jij het Luxemburgse land
Van vreemde onderdrukking en leed;
Jij hebt ons allen al als kinderen
De vrije geest wel gegeven,
𝄆Laat voort schitteren de vrijheidszon,
Die wij zo lang zagen!𝄇
|