9. Mee
Datum
<< | Mee | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | ||
6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 |
13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 |
20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 |
27 | 28 | 29 | 30 | 31 | ||
2024 |
Den 9. Mee ass den 129. Dag vum Joer (130. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
ännerenEuropa
änneren- 1949: De Rainier III. gëtt Staatschef vu Monaco.
- 1950: De franséischen Ausseminister Robert Schuman hält eng Ried, an där en dozou oprifft, datt déi europäesch Länner hir Kuelen- a Stolproduktioun zesummeleeë sollen, fir sou zukünfteg Kricher onméiglech ze maachen. Domat hat hien de Grondstee vun der CECA, an der spéiderer EU, geluecht.
- 1980: De Konstantinos Karamanlis gëtt Staatspresident, de Giorgios Rallis Regierungschef vu Griicheland.
- 1989: De Slobodan Milošević gëtt Staatspresident vu Serbien.
Lëtzebuerg
änneren- 1944; Amerikanesch Fligere bombardéieren um 9h53 d'Stater Gare; et gëtt 59 Doudeger an 160 Blesséierter.
Amerika
ännerenAfrika
änneren- 1994: Den Nelson Mandela gëtt no den éischten demokratesche Walen, bei deenen all Bierger hunn däerfe matmaachen, mat 75 Joer zum President vu Südafrika gewielt.
Sport
änneren- 1936: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:5 géint Irland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Léon Mart geschoss.[1]
- 1954: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Charleroi 0:8 géint Belsch.[2]
- 1970: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Tschechoslowakei.[3]
- 1980: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 3:2 géint Südkorea. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jeannot Reiter (2) a Marcel Di Domenico geschoss.[4]
Gebuer
änneren-
José Ortega y Gasset
-
Claude Piéplu
-
Candice Bergen
-
Drafi Deutscher
- 1818: Louis Fuchs, belsche Landschaftsarchitekt.
- 1874: Howard Carter, britteschen Egyptolog.
- 1883: José Ortega y Gasset, spuenesche Philosoph, Soziolog an Essayist.
- 1890: Jean-Pierre Frantzen, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 1912: Pedro Armendáriz, mexikanesche Schauspiller.
- 1914: Carlo Maria Giulini, italieeneschen Dirigent.
- 1921: Sophie Scholl, däitsch Resistenzlerin.
- 1923: Claude Piéplu, franséische Schauspiller.
- 1924: Jean Girault, franséische Filmregisseur.
- 1927: Manfred Eigen, däitsche Cheemiker.
- 1928: Barbara Ann Scott, kanadesch Äiskonschtleeferin.
- 1929: Josy Polfer, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1930: Claude Sylvain, franséisch Schauspillerin.
- 1932: Roger Dumas, franséische Schauspiller.
- 1933: François Schlechter, lëtzebuergesche Ringer.
- 1936: Albert Finney, brittesche Schauspiller.
- 1936: Glenda Jackson, brittesch Schauspillerin a Politikerin.
- 1946: Candice Bergen, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1946: Drafi Deutscher, däitsche Sänger, Komponist a Museksproduzent.
- 1948: Hans Georg Bock, däitsche Mathematiker.
- 1950: Fernand Fehlen, lëtzebuergesche Soziolog.
- 1950: Frank Feitler, lëtzebuergeschen Theater- a Filmregisseur, Dramaturg an Dréibuchauteur.
- 1959: János Áder, ungaresche Politiker a Staatspresident.
- 1965: Jean-Claude Strasser, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 1968: Valérie Guignabodet, franséisch Filmregisseurin an Dréibuchautorin.
- 1968: Nataša Pirc Musar; sloweenesch Journalistin a Politikerin.
- 1970: Marek Erhardt, däitsche Schauspiller.
- 1975: Pascale Hansen, lëtzebuergesch Affekotin a Politikerin.
- 1983: Gilles Muller, lëtzebuergeschen Tennisspiller.
- 1992: Tom Laterza, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1994: Samuel Baum, lëtzebuergeschen Handballspiller.
Gestuerwen
änneren- 1707: Dieterich Buxtehude, dänesch-däitschen Organist a Komponist.
- 1805: Friedrich Schiller, däitsche Schrëftsteller an Historiker.
- 1850: Joseph Louis Gay-Lussac, franséische Physiker a Cheemiker.
- 1893: Edward Alfred Cowper, britteschen Erfinder.
- 1896: Jean Franck, lëtzebuergesche Jurist a Verwaltungsbeamten.
- 1909: Margarete Steiff, Entreprenerin a Grënnerin vun der Firma Steiff
- 1915: François Faber, lëtzebuergesche Cyclist.
- 1917: Matthias Raus, lëtzebuergesche Redemptoristepater.
- 1922: Rodolphe Brimmeyr, lëtzebuergeschen Apdikter, Politiker an Auteur.
- 1935: Jean-Pierre Flohr, lëtzebuergeschen Auteur an Haffkommissär.
- 1957: Ezio Pinza, italieenesche Basssänger.
- 1970: Franz Etzel, däitsche Politiker.
- 1974: Julio Salvador, spuenesche Filmregisseur.
- 1978: Aldo Moro, italieenesche Politiker.
- 1981: Fritz Umgelter, däitsche Schauspiller, Film- an Theaterregisseur.
- 1986: Tenzing Norgay, nepaleeseschen Alpinist.
- 1997: Marco Ferreri, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 2004: Fernand Kons, lëtzebuergesche Politiker a Veterinär.
- 2011: Wouter Weylandt, belsche Vëlossportler.
- 2013: Alfredo Landa, spuenesche Schauspiller.
- 2017: Robert Miles, Schwäizer Museker.
- 2017: Michael Parks, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2020: Little Richard, US-amerikanesche Rock 'n' Roll-Sänger.
- 2024: Roger Corman, US-amerikanesche Filmregisseur.
Fester a Feierdeeg
änneren- Europadag fir d'Schuman-Deklaratioun ze commemoréieren.
- Hellege Christophorus an der Orthodoxer Kierch.
- Dag vun der Victoire a Russland, Wäissrussland, Montenegro, Armenien, Kasachstan, Georgien (zënter 1965), an Israel
Um Spaweck
ännerenCommons: 9. Mee – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Irland den 9. Mee 1936 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 9. Mee 1954 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tschechoslsowakei den 9. Mee 1970 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Südkorea-Lëtzebuerg den 9. Mee 1980 op der Websäit vun European Football