Thomas Sankara
Thomas Sankara | |
---|---|
Gebuertsnumm | Thomas Isidore Noël Sankara |
Gebuer |
21. Dezember 1949 Yako |
Gestuerwen |
15. Oktober 1987 Ouagadougou |
Doudesursaach | Schosswonn |
Nationalitéit | Uewervolta, Burkina Faso |
Aktivitéit | Politiker, Offizéier, Staatsmann, Zaldot |
Den Thomas Isidore Noël Sankara, gebuer den 21. Dezember 1949 zu Yako, a gestuerwen de 15. Oktober 1987 zu Ouagadougou, war e burkinesche Politiker, Offizéier, Revolutionär, Panafrikanismus- a Marxismus-Aktivist[1],[2],[3]. Hie war am Joer 1983 de 5. Premierminister, a vun 1983 bis 1987 de 5. President vun der Republik Burkina Faso[4].
De Sankara huet a sengem Land eng jett politesch a sozial Reformen duerchgesat. Sou huet hien de Land- a Grouwebesëtz vun auslännesch Gesellschafte verstaatlecht, Schoulen, Spideeler a Sozialwunnenge baue gelooss, Impfprogrammer duerchféiere gelooss, weiblech Beschneidung verbueden, d'Roll vun der Fra an der Gesellschaft opgewäert, Beem géint d'Desertifikatioun uplanze gelooss, asw[5]. Hie gëllt als "den afrikaneschen Che Guevara"[1].
Hie gouf beim Putsch vum deemolege Justizminister Blaise Compaoré, dee bis 2014 säin Nofollger als President war, ermuert[1].
Den Thomas Sankara war de Museksauteur vun der burkinescher Nationalhymn, an am Joer 1984 huet hien d'Land Uewervolta op den neien Numm Burkina Faso ëmbenenne gelooss[1].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Thomas Sankara – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 http://www.reuters.com/article/us-burkina-sankara-idUSL1757771220071017
- ↑ http://www.aljazeera.com/news/2015/12/arrest-warrant-blaise-compaore-sankara-killing-151221171346675.html
- ↑ Thomas Sankara Speaks: the Burkina Faso Revolution: 1983–87, by Thomas Sankara, edited by Michel Prairie; Pathfinder, 2007, pg 11
- ↑ http://www.worldstatesmen.org/Burkina_Faso.html
- ↑ https://web.archive.org/web/20120124093433/http://www.zcommunications.org/commemorating-thomas-sankara-by-farid-omar